Drëtt Hallschent, de Sport-TalkNicole Kuhn-Di Centa

Franky Hippert
Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch d'Presidentin vun der Lasep.

Dës Woch ass d’Nicole Kuhn-Di Centa eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent de Sporttalk. D’Presidentin vun der Lasep ass drop agaangen, datt de Beweegungsmagel an d’Motricitéitsdefiziter bei de Kanner ëmmer méi grouss ginn.

Nieft den Aktivitéiten vun der Lasep selwer, déi no de Schoulstonnen ugebuede ginn, ass et awer och ëm d‘Beweegung bei deene Jéngsten an de Crèchen an Maison Relaisen gaangen. Am Schoulsport am Fondamental bleift nach vill Loft no uewen. An Zukunft muss besonnesch awer och bei der Formatioun vun den Educateuren an den Enseignanten ugesat ginn, esou d‘Presidentin vun der Lasep.

Invité am Podcast “Drëtt Hallschent – De Sporttalk” ass dës Woch d’Presidentin vun der Lasep.

Back to Top
CIM LOGO