Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Futtballtrainer vu Miersch.

Den Trainer vu Marisca Miersch, Mikhail Zaritski, huet mam Jeff Kettenmeyer iwwert den Exploit an der Coupe geschwat an där ee sensationell bis an d'Finall koum. Nom Opstig an d'BGL Ligue wëll een och an der ieweschter Spillklass eng gutt Roll spillen.

Donieft geet et awer och ëm d'Spillerkarriär vum fréiere Stiermer a seng Zäit zu Beggen an zu Mäerzeg.

Den Trainer vu Miersch bedauert et, datt ee virun der Finall net konnt am Stadion trainéieren an hien erzielt wisou hie bis elo nach ni ee "groussen" Veräin trainéiert huet.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 111: Mikhail Zaritski