Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" sinn dës Woch zwee Handballspiller, déi kierzlech e Schlussstréch ënner hir Karriär gezunn hunn.

An der "Drëtter Hallschent" sinn dës Woch de Martin Muller an de Sacha Pulli déi zwee Invitéeën. No dëser Saison hu si hir Handballschong un den Nol gehaangen.

Beim Rich Simon kucken si op hir Karriär zeréck an där et mat der Finall am Challenge Cup 2013 ee ganz groussen Highlight gouf. Do dernieft ass awer och den Nowuess am Handball een Thema.

RTL

© Rich Simon