Lé Biel

Dës Woch ass den Handballer eisen Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
De Weekend ass d'Summerpaus fir d'Handballspiller op en Enn gaangen. De 26 Joer alen FLH-Nationalspiller huet direkt fir den Optakt vun der Saison mat sengem Veräin HC Bierchem an der europäescher EHF-Coupe géint d'Fivers Margareten vu Wien gespillt an am Allersmatch e Remis erausgeholl.
No senge Schëlleroperatiounen huet de Réckraumspiller vill u sengem Physique geschafft. Den 1,93 Meter grousse Biel ass seng ganz Karriär scho beim Handballclub am Réiserbann. Hien huet eis erzielt, firwat esou vill Spiller aus der eegener Jugend et an d'éischt Ekipp packen, an de studéierten Educateur graduée huet eis och verroden, wéi hien d'Chancë gesäit, datt den HC Bierchem dës Saison en Titel gewënnt. Awer och d'Defie vum Handball hei zu Lëtzebuerg am Allgemenge waren e Sujet.