An der Drëtter Hallschent dréint sech mam Nationaltrainer vun der FLBB alles ëm de Basket.

Och am neie Joer kënnt all Méindeg eng nei Episod vum Sport Podcast "Drëtt Hallschent" eraus.

Fir den Optakt vun 2024 ass de Basketnationaltrainer Ken Diederich Invité vum Jeff Kettenmeyer. Hien ass nieft dem Posten als Härentrainer och "Head of Basketball" vun der FLBB a schwätzt iwwert seng Aarbecht vun de leschten iwwer 2 Joer bei der Basketfederatioun.

Donieft geet et och drëms, datt ëmmer méi Jugendspiller de Wee an d'Ausland sichen a wéi de Futtball hei kann ee Virbild sinn. De Ken Diederich schwätzt awer och iwwert de nationale Championnat a wéi et aktuell ëm den Niveau, d‘Auslänner-Reegel an den Interessi vun de Spectateuren ausgesäit.

De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 133: Ken Diederich