AXA League an der RTL Live ArenaDe Match HB Diddeleng géint den HB Esch vun 19.55 Auer un am Stream

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass am nationalen Handball-Championnat bei den Hären den Optakt vum 11. Spilldag.

Fir den HB Diddeleng steet eng wichteg Aufgab um Programm. Mat enger Victoire géint den direkte Konkurrent HB Esch kéint een an der Tabell gläichzéien. Am Fall vun enger Defaite riskéiert een dogéint, den Uschloss un d’Tabellespëtzt ze verléieren.

Donieft spillen e Samschdeg den Owend nach parallel d’Red Boys Déifferdeng géint de Standard a Käerjeng géint den HC Bierchem.

Och bei den Damme gëtt gespillt. Och déi Partië fannt Dir am Livestream an der RTL Live Arena.


De Livestream vu weidere Matcher aus der Axa League an der RTL Live Arena

De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO