An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" geet et dës Woch ëm d'Futtballeuropameeschterschaft.

E Freideg, de 14. Juni, ass den Optakt vun der Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland. Am Virfeld* huet de Jeff Kettenmeyer mat den RTL-Kolleegen Marc Oberweis, Sam Rickal an Tom Hoffmann op dës EM no gekuckt. Déi 4 schwätzen iwwert déi grouss Favoritten wéi Frankräich, England a Portugal. Et geet awer och drëms, wéi eng Ekipp vläicht kéint fir eng Iwwerraschung suergen.

Donieft gëtt iwwert den "Hype" an Däitschland geschwat an doriwwer, ob dësen nach emol sou héich kéint sinn wéi bei der legendärer WM 2006.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 155: Futtball EM Spezial

De Marc Oberweis erzielt iwwerdeems och, wéi hien deemools am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft tëscht de Pottoe vun der FLF-Formatioun stoung, a géint Däitschland 7 Mol de Ball huet missen aus dem Filet huelen.

Déi ganz Episod fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

*Dëse Podcast gouf virun de leschten 2 Testmatcher opgeholl.