Dës Woch ass de Yannick Kakoko Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Zanter dëser Saison ass hien Trainer vum Racing, do virdru souz hien zu Péiteng op der Bänk. Et geet ëm den aktuelle Championnat a wéi ee sech als Racing géint déi véier „grouss“ Ekippe wëll behaapten.

De Kakoko huet awer och ee wäite Wee als Futtballprofi gemaach, éier hien 2018 op Lëtzebuerg koum. Als Jugendspiller ass hie fréi vu Saarbrécken op Metz gewiesselt an erzielt dem Jeff Kettenmeyer, wéi et als Zëmmernoper vum Miralem Pjanic war a wéi et dozou koum, datt hien duerno an der Jugend vum FC Bayern München gespillt huet, respektiv wéi schwiereg et ass sech bei esou engem grousse Veräin duerchzesetzen. Et geet awer och drëms wat Spiller wéi den Thomas Müller esou speziell mécht, wéi dem Kakoko seng Philosophie als Trainer ausgesäit an ob et fir hien géif a Fro eng Kéier op der Bänk vun de Roude Léiwen ze setzen.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 169: Yannick Kakoko

De komplette Podcast fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

*D'Gespréich mam Yannick Kakoko gouf virum 12. Spilldag an der BGL Ligue opgeholl.