35 Joer no sengem HorroraccidentEx-Formel-1-Fuerer Martin Donnelly wäert seng Saison vun 1990 fäerdeg fueren

Tom Nols
Duerch säi schwéieren Accident hat den iresche Pilot de Brad Pitt zu sengem F1-Film inspiréiert. An Australien wäert den Donnelly d'Chance kréien, fir seng 1990er Saison op en Enn ze bréngen.
Dem M. Donnelly säi Lotus war an zwee Deeler zerbrach
Dem M. Donnelly säi Lotus war an zwee Deeler zerbrach
© JEAN-LOUP GAUTREAU PASCAL PAVANI/AFP

Beim Training fir de Grousse Präis vu Spuenien zu Jerez war de Martin Donnelly 1990 schwéier verongléckt. U sengem Lotus-Lamborghini war eng Suspensioun gebrach, sou dass den iresche Pilot mat ronn 260 km/h an eng Mauer geknuppt war. Den Auto war duerch den haarden Opprall vun 42G an zwee Deeler gebrach an den Donnelly aus dem Auto op d’Pist geschleidert ginn. Mat liewensgeféierleche Blessuren a komplizéierte Beebréch, déi sou just net zu enger Amputatioun sollte féieren, war den Ir an d’Spidol ageliwwert ginn.

Nach op der Streck hat den F1-Dokter Sid Watkins him seng ofgeschléckten Zong aus der Strass gezunn an esou d’Liewe gerett. E geschockten Ayrton Senna war op d’Onglécksplaz komm, fir sech e Bild ze maache vun der Situatioun. De Rennfuerer Senna sollt just e puer Joer drop selwer an engem Accident op der Pist stierwen.

Den Donnelly huet duerno am Spidol zwee Häerzstëllstänn erlidden a vun engem Paschtouer d’Stierfsakramenter kritt. Hie sollt awer iwwerliewen an no jorelaanger Physiotherapie nees léieren ze goen. Wéinst ze vill Péng war 1993 aus engem Comeback-Versuch näischt ginn. Spéider sollt den Donnelly a verschiddenen Toureween un den Depart goen a seng eege Racing Academy grënnen.

Den Ayrton Senna war schockéiert nom Martin Donnelly sengem Accident
Den Ayrton Senna war schockéiert nom Martin Donnelly sengem Accident
© JEAN-LOUP GAUTREAU PASCAL PAVANI/AFP

Wéinst deem Accident, dee spéider d’Inspiratioun sollt si fir dem Brad Pitt säi Formel-1-Film, war de Martin Donnelly net amstand, seng Saison 1990 op en Enn ze fueren. De leschte Grand-Prix vum Joer wier deen zu Adelaide an Australien gewiescht. Genee do wäert hien nächste Weekend, am Kader vun engem Motorsport-Festival, erëm an e Formel-1-Auto klammen. Och wann et net säi Lotus vun 1990 wäert sinn, sou wäert deen Asaz an engem Hesketh 308 vun 1974 e grousse symbolesche Wäert hunn. Den Donnelly hat ni d’Chance kritt, um Stadcircuit vun Adelaide ze fueren, an dës Geleeënheet géif him d’Méiglechkeet ginn, seng Saison vun 1990 wierklech ofschléissen ze kënnen. Dat wier fir hien eng Aart stëll Victoire, a geneesou fir all déi Leit, déi him gehollef hunn, erëm op d’Been ze kommen.

Mam Hesketh 308 hat dem James Hunt seng Karriär ugefaangen
Mam Hesketh 308 hat dem James Hunt seng Karriär ugefaangen
© JULIEN DELFOSSE/DPPI via AFP

Och dobäi sinn um Adelaide Motorsport Festival fréier Pilote wéi de Mika Häkkinen, den David Coulthard, den Thierry Boutsen an de Stefan Johansson. De Brad Pitt ass dogéint net annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO