Am Fall vum Weiderkommen an der Conference-League-QualiMéiglech Géigner am 3. Tour fir Biissen a Stroossen sti fest

Sam Rickal
Zwar hunn déi lescht zwee Lëtzebuerger Vertrieder nach dës an d'nächst Woch hir Aufgaben an der 2. Ronn viru sech, mee déi méiglech Suite ass well determinéiert.
Agovic, Natami, Perez a Co. denken iwwer déi méiglech Suite vun Stroossen an der Conference-League-Qualifikatioun no.
© Val Wagner

Duerch d'Eliminatioun am 1. Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun rutscht den FC Atert Biissen automatesch an déi zweet Ronn vun der Conference-League-Quali. Am Fall vum Weiderkomme géint den ungaresche Champion Györi ETO FC, géint déi den FC Atert Biissen en Dënschdeg am Allersmatch am Stade de Luxembourg am Asaz ass, géing de Lëtzebuerger Champion am 3. Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun géint de Gewënner vun der Partie tëscht Vardar Skopje aus Nordmazedonien oder den FC Riga aus Lettland spillen. Am Allersmatch missten déi Biisser fir d'éischt auswäerts untrieden.

D'UNA Stroossen, den zweete Lëtzebuerger Vertrieder, deen nach op der internationaler Bün iwwreg bliwwen ass, spillt en Donneschdeg fir d'éischt auswäerts géint Partizan Belgrad aus Serbien ëm d'Qualifikatioun fir den nächsten Tour. Géing dëst klappen, kriten et déi Stroossener an der 3. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun entweder dem FK Panevezys aus Litauen oder Tobol Kostanay aus Kasachstan ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO