
E Sonndeg den Owend ëm 21:00 Auer steet mat der Finall vun der Futtball-WM dat wuel gréisste Sportevent op der Welt um Programm. Mat Spuenien an Argentinien treffen zwou Natiounen openeen, déi sech nach ni an enger WM-Finall géigeniwwer stoungen. Och de Wee an d'Finall ass fir béid Ekippe liicht ënnerschiddlech verlaf. D'Fro ass, ob een am viraus scho vun engem Favorit schwätze kann, oder net.
Spuenien huet sech um Wee bis an d'Finall net vill Feeler erlaabt an ass mat konstante Leeschtunge mat Recht ee vun den zwee Finalisten. Trotz Startschwieregkeete bei engem 0:0-Remis géint den Underdog vum Cap Vert huet d'Ekipp vum Luis de la Fuente de Grupp nach souverän mat siwe Punkten an ouni Géigegol ofgeschloss. Och an der K.o.-Phas konnt ee géint Éisträich, Portugal a Frankräich de Gol propper halen a just géint d'Belsch huet den Unai Simon am Gol ee Mol hannert sech misse gräifen. Domat huet een déi bescht Defense vum ganzen Turnéier opweises.
Wéi ënner anerem d'Trainer-Legend Sir Alex Ferguson scho gesot huet, gewënnt e gudde Stuerm Matcher, ma eng gutt Defense Titelen. Dobäi ka Spuenien nieft der immens staarker Defense awer och op eng genee sou gutt Offensiv zréckgräifen, an dat net just bei deenen éischten 11 um Terrain. Dem fréiere spueneschen Nationalspiller a Weltmeeschter vun 2010 David Silva no huet Spuenien "26 Stammspiller" am WM-Kader stoen.
Dem zweete Weltmeeschtertitel no 2010 steet also reng um Pabeier net all ze vill am Wee. Eng méiglech Suerg kéint dobäi awer de Fitness-Zoustand vum jonke Superstar Lamine Yamal sinn, deen ugeschloen aus der 1/2-Finall géint Frankräich komm war a well de leschten Training e Samschdeg zu New York wéinst Donnerwiederen ofgesot gouf, konnt net méi richteg gekuckt ginn, ob hien nees a Form ass oder net. Och de Pedro Porro, Buteur a Man of the Match géint d'Fransousen, muss nach kucken, wéi fit hie sech fillt.
Eng weider méiglech Suerg vun de Spuenier, déi den Titelgewënn a Gefor brénge kéint, steet dann op där anerer Säit vum Terrain: De Lionel Messi.
Wann een un den Out bei der WM 2018 géint Frankräich denkt, wou scho vu ville Säite vu sengem leschte WM-Optrëtt geschwat gouf, ass et nëmme schwéier ze gleewen, datt de Lionel Messi e Sonndeg säin zweete WM-Titel feiere kéint. Dobäi ass de mëttlerweil 39 Joer ale Superstar ëmmer nach ee vun den Haaptgrënn, firwat Argentinien fir déi zweete Kéier hannerteneen an der WM-Finall steet.
Mat engem Hattrick géint Algerien, zwee Goler géint Éisträich an engem Gol géint Jordanien huet "La Pulga" sechs vun den aacht argentinesche Goler an der Gruppephas geschoss a si souverän mat néng Punkten an d'Gruppephas geféiert. Do huet ee sech dann ënner anerem géint de Cap Vert, Ägypten, d'Schwäiz an och géint England zwar méi schwéier gedoen, ma sech jeeweils duerch spéit Goler duerchgesat, och hei nees duerch eng grouss Hëllef vum 1,70 Meter groussen Argentinier.
Natierlech steet de Lionel Messi net eleng um Terrain. Ronderëm hien ass et dem Trainer Lionel Scaloni gelongen eng Ekipp opzebauen, déi genee weess, wéi se hire Kapitän an Evidenz setze kann an déi an decisive Momenter och weess, wou de Gol steet. Och wann een net d'Gefill huet, datt do déi grouss Superstaren um Terrain stinn, funktionéieren d'Argentinier als Ekipp immens gutt an duerch ee gefillt onendleche Kampfgeescht, deen eebe bis op déi lescht Sekonn um Terrain gewise gëtt, sinn dës spéit Goler a Victoiren op jiddwer Fall keen Zoufallsproduit.
Mat bis elo 19 Goler op dëser WM ass Argentinien virun allem an den decisive Momenter immens geféierlech an domat net fir näischt déi Ekipp mat der beschter Offensiv vum aktuellen Turnéier.
Kuckt een et reng um Pabeier, da kéint een dovun ausgoen, datt d'Spuenier e Sonndeg duerch hir Qualitéit an hir Konstanz de ganzen Turnéier iwwer vläicht eng minimal Favoritteroll hunn. Sou eng Finall kann een awer eeben net just um Pabeier kucken an Argentinien huet och schonn 2022 gewisen, wéi een e Star-Ensemble, wéi dee vu Frankräich, klappe kann. Ob et den zweete WM-Stär fir de Messi säin Argentinien hannerteneen an domat no Brasilien an Italien déi réischt drëtt Titelverdeedegung an der WM-Geschicht gëtt, oder ob sech de Lamine Yamal mat nëmmen 19 Joer schonn Europa- a Weltmeeschter nennen däerf, gesäit een dann e Sonndeg den Owend.
D'Finall tëscht Spuenien an Argentinien kënnt Dir och nees an eisem WM-Liveticker suivéieren.