Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMathias Olesen mat dräi Virlage bei klorer Victoire fir Sonderjyske

RTL Lëtzebuerg
De Mathias Olesen huet an Dänemark ee richteg gudde Sonndeg erwëscht a mat dräi Virlagen zu den dräi wichtege Punkte fir Sonderjyske bäigedroen.
De Mathias Olesen war de Mann vum Match fir Sonderjyske e Sonndeg.
© Ben Majerus / sportspress 12102025

Sonndeg

An der héchster dänescher Spillklass huet de Mathias Olesen e Sonndeg richteg brilléiert. Um 11. Spilldag huet Sonderjyske nämlech no dräi Virlage vum Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller mat 4:0 géint den IF Silkeborg gewonnen. An der 1. Spillminutt war Sonderjyske schonn a Féierung gaangen a vun der 18. Minutt u war een duerch eng Rout Kaart fir de Gaascht aus Silkeborg mat engem Mann méi um Terrain. D'Goler bis zum 4:0-Endstand goufen dann all vum Olesen virbereet. An der Tabell ginn dat wichteg dräi Punkte fir d'Ekipp vu Sonderjyske, déi elo net méi op der leschter Plaz steet.

Fir d'Damme vum 1. FC Nürnberg gouf et um 7. Spilldag an der Bundesliga eng 1:2-Defaite géint bei Union Berlin. Den FCN konnt mam Laura Miller séier op den 1:0 an der 32. Minutt reagéieren an nëmme siwe Minutten drop ausgläichen. Nach virun der Paus war den Unionerinnen awer nach den 2:1 gelongen. Nom Säitewiessel konnt Nürnberg de Réckstand net méi ophuelen. D'Lëtzebuerger Kapitänin war bis an déi 83. Minutt am Asaz.

An der 2. däitscher Bundesliga stoung den Eldin Dzogovic bei der 0:2-Defaite vu Magdeburg bei Dynamo Dresden net am Kader.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum weideren internationale Futtball um Sonndeg.

Samschdeg

An der drëtter däitscher Liga huet Rostock mat 0:2 bei Alemannia Oochen de Kierzere gezunn. Oochen war fréi a Féierung gaangen a konnt nach virun der Paus den zweete Gol noleeën. Rostock war ab der 65. Minutt just nach zu Zéng um Terrain wéinst enger Rouder Kaart. De Florian Bohnert huet bei der Ekipp vun der Ostséi duerchgespillt, déi awer un den Opstigsplazen dru bleift.

Och fir Fortuna Düsseldorf gouf et um 10. Spilldag keen Erfolleg. Géint Saarbrécken huet sech d'Ekipp vum Miguel Gonçalves déi véiert Defaite an dëser Saison gefaangen a verléiert ëmmer méi den Uschloss un d'Opstigsplazen (Plaz 10), fir nees direkt an d'Zweet Bundesliga opzesteigen. Dobäi war Düsseldorf a Féierung gaangen, mee d'Saarlänner, déi elo op Plaz 4 stinn, konnten de Match dréien. De Miguel Gonçalves gouf an der 75. Minutt agewiesselt.

Eng weider 0:2-Néierlag gouf et fir Waldhof Mannheim zu Würzburg. Domat konnt mam Vincent Thill och den drëtte Lëtzebuerger an der drëtter däitscher Liga op dësem Spilldag net gewannen. Kuerz virun der Paus war Würzburg a Féierung gaangen, nom Säitewiessel war de Match laang oppen, well den zweete Gol eréischt an der 90. Minutt gefall ass. De Vincent Thill huet 90 Minutten duerchgespillt, sech awer och eng giel Kaart gefaangen. No engem gudde Saisonsstart fënnt sech Mannheim an der Mëtt vun der Tabell erëm.

No der Trennung vum Luc Holtz Enn September huet den FC Metz déi éischt Victoire ënner dem neien Trainer Proment gefeiert. Um 9. Spilldag vun der Ligue 2 hunn d'Grenats doheem 3:2 géint Sochaux gewonnen a sprangen an der Tabell laanscht de Konkurrent aus der Géigend vu Belfort a Montbéliard.

Dinamo Batumi bleift an der georgescher Liga op Kurs Meeschterschaft. Mat der 3:1-Victoire géint Gagra bleift de Club vun Dirk Carlson an Enes Mahmutovic op der éischter Plaz. De Carlson huet 90 Minutten duerchgespillt, wärend de Mahmutovic net an den Asaz koum.

An der Tierkei huet Bodrumspor de wichtege Match géint den direkte Konkurrent Bandirmaspor gewonnen a verschaaft sech e bësse Loft no ënnen. Bodrumspor war no 57 Minutten a Réckstand geroden, fir mat zwee séiere Goler de Match ze dréien. Den Tomas De Sousa, dee beim Veräi vun der Ägäis-Küst ënner Kontrakt steet, stoung vun Ufank un um Terrain, gouf an der Nospillzäit ausgewiesselt, fir e bëssen Zäit vun der Auer ze huelen.

An der Premier League huet de Brian Madjo mat Aston Villa 1:0 géint Newcastle gewonnen. De Gol huet de Manzambi, dee virun der Saison vu Freiburg op d'Insel gewiesselt war, geschoss. De Madjo souz de ganze Match iwwer op der Bänk. An der Tabell kënnt Aston Villa besser an d'Rullen. No engem schlechte Start sti si elo am Mëttelfeld.

Freideg

Beveren, de Veräi vum blesséierten Nationalspiller Laurent Jans, ass an der belscher Coupe eng Ronn weider. Den Opsteiger huet sech e Freideg den Owend mat 3:0 géint Habbay La Neuve duerchgesat. Et war d'1/16-Finall an deemno steet Beveren elo an der Aachtelsfinall.

An der italieenescher Serie B huet Hellas Verona wärenddeem 2:2 géint Catanzaro gespillt. Dat ouni de Seid Korac, deen net am Kader fir dëse Match stoung. Duerch dëst Gläichspill verléiert Verona weider den Uschloss un d'Opstigsplaze fir an d'Serie A.

Back to Top
CIM LOGO