Futtball-Championnat: BGL LiguePositiv Käerjenger Serie geet géint Nidderkuer weider

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war an der BGL Ligue just de Süd-Derby tëschent Nidderkuer a Käerjeng. D'Gäscht hunn 2:1 gewonnen.
Am Süd-Derby hat Nidderkuer den Noper vu Käerjeng op Besuch.
© Laurent Mei

Fir den Optakt vum 10. Spilldag an der héchster lëtzebuergescher Spillklass huet d'UN Käerjeng hir Serie u gewonnene Matcher ausgebaut. Am Süd-Derby géint den Noper Progrès Nidderkuer koum eng 2:0-Victoire fir déi Rout-Blo dobäi. Käerjeng spréngt domat provisoresch op Plaz 3 an der Tabell, Munneref kann e Sonndeg nees laanschtzéien.

Virum Match gouf et eng Gedenkminutt fir de fréieren Nationalspiller Jean-Paul Defrang, deen och beim Progrès am Gol gestanen hat. Hie war leschte Weekend am Alter vu 70 Joer verstuerwen.

Virun 815 Spectateuren am Stade Jos Haupert gouf et 30 Minutte laang keng wierklech zwéngend Golchance, mee kuerz drop huet de Lars Gerson de Score opgemaach. Dat no engem Eelefmeter. Nidderkuer war virun an no der Paus net wierklech eppes agefall.

Käerjeng konnt an der 55. Minutt op 2:0 erhéijen an hat d'Victoire schonn an der Täsch gegleeft, éier den Hadji mat der éischter geféierlecher Aktioun vum Progrès den Uschloss hiergestallt huet. Um Enn sollt et awer bei dësem Resultat bleiwen.

________________________________________________

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO