Argentinesch Fans feieren an der Stad"De Messi ass wéi Gott, hien ass de wichtegste Spiller fir eis all"

Christophe Hochard
Laang huet et ausgesinn, wéi wann Argentinien net géif virukommen. An der leschter Véierelstonn gouf de Match no engem 2:0 komplett gedréint. D'Stëmmung bei de Fans nom 2:3 fir Argentinien war och zu Lëtzebuerg ausgelooss.

Virum Match waren d'argentinesch Fans iwwerzeegt, dass se géife gewannen. Och wann deen een oder anere scho sot, dass et géint Ägypten net einfach géing ginn.

An dat war et um Enn guer net. Ganz laang huet et ausgesinn, wéi wann Ägypten kéint déi grouss Iwwerraschung geléngen. Ma um Enn hunn d'Argentinier de Match no engem 2:0-Réckstand gedréint.

130 Argentinier si bei d'Rotondes komm, fir zesummen de Match ze kucken. E Mann sot am Interview, dass hie virun 2 Joer op Lëtzebuerg komm ass an dass en nach ni esouvill Argentinier beienee gesinn huet.

"Ech sinn esou frou, net nëmme fir de Match, mee och, dass mer all beienee sinn."

Firwat mécht de Messi den Ënnerscheed?

De Messi wier wéi Gott, dee wichtegste Spiller fir all d'Argentinier. Eng jonk Fra sot: "Mir schätzen hien a mir hunn e wierklech gär."

Et ass zimmlech sécher déi lescht Weltmeeschterschaft fir de Lionel Messi am Trikot vun Argentinien: "Dat ass schwéier ze gesinn, et gëtt ee schonn e bëssen emotional."

Eng Supporterin ergänzt: "Hie wéist Engagement, geet Verflichtungen an, ass bescheiden a wéist Leidenschaft, dat mécht hien zum Gréissten.

Beim Public Viewing ware quasi nëmmen Argentinier, allerdéngs och ee Supporter vun de Bleus, deen um Mikro ee Wonsch geäussert huet: Eng Finall Argentinien géint Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO