Champions-League-QualifikatiounBiissen muss sech am Allersmatch beim KI Klaksvik mat 1:2 geschloe ginn

Jeff Birsens
An der 1. Qualifikatiounsronn fir d'Champions League ass et fir de Lëtzebuerger Champion eng Defaite ginn. Fir de Retourmatch zu Biissen ass awer nach alles méiglech.
© RTL (Screenshot)

En Dënschdeg stoung fir den FC Atert Biissen mam éischten internationalen Optrëtt an der Veräinsgeschicht een historeschen Owend um Programm. Am Allersmatch vun der 1. Qualifikatiounsronn fir d'Champions League huet ee sech misse mat 1:2 beim KI Klaksvik op de Färöer Inselen geschloe ginn.

An der 12. Spillminutt war dem Oussama Ali de relativ fréie Féierungsgol gelongen an och fir de Rescht vun der éischter Hallschent hat d'Lokalekipp e puer méi Golchancen opweises. Véier Minutten nom Säitewiessel war et dann de Pall Klettskard, deen op 2:0 erhéije konnt. D'Biisser Ekipp huet duerno awer net opginn a konnt an der 57. Minutt am Numm vum Tiago Rodrigues verkierzen.

D'Schlussphas war intensiv an de Gaascht aus Lëtzebuerg huet op den Ausgläich gedréckt. Um Enn sollt et awer net méi duergoen, fir den 2:2 ze schéissen. Mat deem knappe Resultat ass fir de Retourmatch den nächsten Dënschdeg zu Biissen awer nach alles méiglech.

En Dënschdeg war och Stroossen an der Conference-League-Qualifikatioun am Asaz

Back to Top
CIM LOGO