
Zu Erba am Castello di Casiglio residéiert d'Mannschaft. Do, wou och schonn de Keeser Barbarossa sengerzäit Haff gehalen hat. Grad gutt genuch fir den deemolege Kaiser Franz a seng Elèven. Vu vir era war kloer, ëm wat et géing goen. Op d'mannst eng Plaz ënnert den éischte Véier war vum Teamchef Beckenbauer gefuerdert ginn. Den deemolege Bundeskanzler Helmut Kohl hat virum Turnéier an Italien verlaude gelooss, hien hätt a sengem Agenda just ee fräien Dag, fir d'Ekipp ze besichen. Den 8. Juli. Den Dag vun der Finall.
Däitschland huet an Italien quasi Heemvirdeel. Lothar Matthäus, Jürgen Klinsmann an Andreas Brehme spille bei Inter Mailand, de Rudi Völler an den Thomas Berthold si bei AS Roum ënner Kontrakt. Alleguer gehéiere se zu de beléiftsten a beschte Spiller an der Serie A. D'Partien am Giuseppe Meazza Stadion zu Mailand gläichen Heemmatcher, sou vill däitsch Fändele sinn ze gesinn.

Fir den Optakt gëtt Jugoslawien 4:1 dominéiert an d'Fans sti Spaléier um Wee zréck an den Hotel. De 5:1 géint d'Vereenegt Arabesch Emirater ass just Formsaach. De Franz Beckenbauer léisst seng Spiller tëscht de Matcher dacks gewäerden an hält se un der laanger Léngt. Den 1:1 géint Kolumbien fir den Ofschloss vun der Gruppephas ass keen Drama.
An den Aachtelsfinalle kënnt et zum Duell mam grousse Rival Holland. Onvergiess, wéi de Frank Rijkaard dräimol op de Rudi Völler späizt. Haut e klore Fall fir de VAR. Duerno gi se allebéid vum Terrain gesat a "klären" hire Problem an de Katakombe vum Stadion. Réischt Joren duerno sollten déi Zwee sech ausschwätzen. De Jürgen Klinsmann mécht den 1:0 a säi warscheinlech beschte Lännermatch. De Brehme erhéicht op 2:0, dem Koeman säin Eelefmeter kënnt ze spéit. Déi däitsch Kicker dierfen no der hëtzeger Partie, mat keeserlecher Erlabnis, bis 3 Auer opbleiwen.

Mee net alles klappt. Souguer e gutt Wuert vum Toppspiller Lothar Matthäus, deen extra mam Rudi Völler op Roum fiert, fir vun der FIFA seng ongerecht rout Kaart annuléiert ze kréien, déngt näischt. Haut maachen dat Presidenten - an de Lothar ass bis haut keen. Géint deziméiert Tscheche misst et an der Véierelsfinall awer och ouni "Tante Käthe" goen. Geet et och, awer alles anescht wéi beandrockend. De Franz Beckenbauer ass no der Partie därmoosse granzeg an rosen, dass an der Kabinn Kiwwele ronderëm solle geflu sinn. Hien hat gemengt, hien hätt eng intelligent Ekipp. Géint den nächste Géigner konnt se him dat beweisen.
Fir d'Halleffinall fiert den DFB-Bus op Turin, wou d'Englänner op déi Däitsch waarden. E Klassiker. D'Mannschaft geet duerch en ofgefälschte Ball vum Brehme 1:0 a Féierung, de Lineker ka fir England ausgläichen. An der dramatescher Verlängerung trëfft jiddereen eng Kéier de Potto an duerno geet et an d'Eelefmeterschéissen. Stefan Reuter a Jürgen Kohler wëllen net schéissen.

De Bodo Illgner hält e Penalty vum Stuart Pearce a wéi de Chris Waddle dee fënneften Eelefter driwwer setzt, ass Däitschland duerch de leschten Treffer vum Olaf Thon an der Finall. Den engleschen Trainer Bryan Robson gratuléiert fair, schléit awer gläichzäiteg vir, Eelefmeterschéissen fir ëmmer ofzeschafen.
Den 8. Juli 1990, haut viru 36 Joer, ass den Helmut Kohl zu Roum a sëtzt op der Tribün vum Olympesche Stadion. Géigner ass Argentinien. Et ass de Remake vun der Finall vu viru 4 Joer an domat en neien Duell tëscht Lothar Matthäus an Diego Maradona. D'Personal bei de Südamerikaner ass knapp a si hu sech de ganzen Tournoi iwwer op d'Magie vun hirer "Hand Gottes" musse verloossen. Déi Däitsch si Favorit an hunn de Match ënner Kontroll. Dem Guido Buchwald kënnt d'Erausfuerderung zou, de Maradona ze bewaachen. Hie geet wuertwiertlech mam Argentinier mat bis op d'Toilett. Awer réischt nom Match, fir d'Doppingkontroll.
Wéi de Rudi Völler an der 85. Minutt en Eelefmeter raushëlt, sinn d'Südamerikaner schonn nëmme méi zu 10 a wäerten zu 9 de Match ophalen. Den Andreas Brehme schéisst de wichtegste Gol vu senger Karriär an dee warscheinlech wichtegste fir dat frësch vereenten Däitschland. Genee nieft de lénke Potto. De Goycochea ka sech nach sou laang maachen. De Star vun der Ekipp Lothar Matthäus hat den Eelefter net wolle schéissen, well hien an der Hallschent d'Schong hat musse wiesselen a sech net sécher genuch gefillt huet.

De Kapitän, deen dat Joer zum FIFA-Weltfuttballer wäert ausgezeechent ginn, dierf awer no der erfollegräicher Revanche géint Argentinien de WM-Pokal aus den Hänn vum italieenesche Staatspresident Francesco Cossiga empfänken. 80 Millioune Leit, op béide Säite vun der gefallener Mauer, dierfe sech elo als Weltmeeschter fillen. Den Helmut Kohl gratuléiert nach um Terrain a geet duerno mat an d'Vestiairen. Dass guer keng Spiller aus dem Osten am Kader stoungen, well d'Nationalekipp vun der DDR nach net opgeléist gi war, ass dee Moment niewesächlech.
Just Engem ass no der Finall net no Feieren. Stëll, heemlech an nodenklech, anerer soe verdreemt, geet de Franz Beckenbauer mat senger Goldmedail ëm den Hals eleng iwwert de Réimer Terrain a schéngt guer net wierklech registréieren ze wëllen, wat grad alles ëm hie passéiert. Spéitstens do ass de Kaiser Franz zur vill zitéierter "Lichtgestalt" ginn. Italia '90 war fir den Teamchef de kréinenden Ofschloss a fir Däitschland den drëtte WM-Titel.

An enger Saach huet de Beckenbauer sech duerno allerdéngs geiert. Dass d'Weltmeeschter-Mannschaft, mat den neie Spiller aus dem Osten dobäi, op Joren net ze klappe wier, sollt sech als Illusioun duerstellen. Souguer de Futtball-Keeser ass net onfeelbar. Enn Oktober falen d'Weltmeeschteren an der EM-Qualifikatioun bal iwwert déi kleng Lëtzebuerger.