Zu Gaascht bei der UNA vu Stroossen, déi en Dënschdeg hire Match um Terrain vum Stater Racing gespillt huet, war d'SP La Fiorita, eng Ekipp vu San Marino, déi an de leschte Joren ëmmer nees op europäeschem Niveau vertrueden war, et awer ni an eng Endronn vun enger europäescher Kompetitioun gepackt hat. Um Pabeier war Stroossen liicht favoriséiert, wat sech och um Terrain gewisen huet, e Gol sollt awer laang Zäit net falen. Mä um Enn konnt sech d'UNA Stroossen eng verdéngten 1:0-Victoire géint SP La Fiorita sécheren, déi am Endeffekt däitlech méi knapps ausfält, wéi de Spillverlaf et eigentlech vermudde gelooss huet.
UNA Stroossen - SP La Fiorita 1:0
1:0 Perez (85')
D'Lëtzebuerger Ekipp war vun Ufank un déi méi aktiv Formatioun an huet de Match bal permanent kontrolléiert. Stroossen huet sech fréi an der Hallschent vum Géigner festgesat, vill Drock opgebaut an ëmmer nees de Wee no vir gesicht. Schonns an den éischte Minutte koum d’UNA zu e puer geféierleche Situatiounen am géigneresche Strofraum, mä d'Spiller vu La Fiorita konnte sech mat vill Asaz an der Defense laang dogéint wieren.
Och am weidere Verlaf ass Stroossen um Drécker bliwwen. De Perez, Steinmetz, Hall, De Souza a Rastoder hunn ëmmer nees fir Gefor gesuergt, mä entweder goufen d'Schëss geblockt, si sinn nieft de Gol gaangen oder de Ball wollt einfach net eran. Déi gréissten Occasioun virun der Paus hat de Rastoder, deen an der 45. Minutt nëmmen de Potto getraff huet.
Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf wéineg geännert. D'UNA Stroossen huet weider dominéiert, hat vill méi Offensivaktiounen an huet La Fiorita kaum iwwert d'Mëttellinn komme gelooss. Trotz enger Rei vu Versich huet et awer bis an déi 85. Minutt gedauert, ier sech d'Iwwerleeënheet endlech och um Scoreboard gewisen huet: De Nicolas Perez huet mat engem direkte Fräistouss fir den 1:0 gesuergt an domadder de verdéngte Succès fir d'UNA Stroossen perfekt gemaach.
Um Enn war et eng knapp, mä absolut verdéngte Victoire fir eng Stroossener Ekipp, déi iwwert déi 90 Minutten déi kloer besser Formatioun war. Domadder hu sech déi Stroossener an eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch an enger Woch gespillt.