
De VfL Wolfsburg huet de Réckmatch vum Barrage an Däitschland géint den SC Paderborn mat 1:2 verluer a muss d'nächst Saison an der zweeter Bundesliga untrieden. Dobäi hat d'Partie fir d'Gäscht aus der Bundesliga eigentlech perfekt ugefaangen. De Pejcinovi huet schonn no 3 Minutten den 1:0 fir d'Ekipp aus Niedersachsen markéiert. Ma scho kuerz drop ass d'Partie komplett gekippt. De Maehle an der Wolfsburger Defense huet bannent net emol dräi Minutten zwee Mol Giel gesinn an ass deementspriechend mat Giel-Rout vum Terrain geflunn.
Duerno huet Paderborn de ganze Rescht vum Match Drock gemaach an an der 39. Minutt huet de Bilbija schliisslech den Ausgläich markéiert. An der regulärer Spillzäit sollt e Méindegowend kee weidere Gol méi falen, sou dass et mat engem 1:1 an d'Verlängerung gaangen ass. Hei konnt de Curda dann an der 100. Minutt den 2:1 fir d'Haushäre markéieren. Dëst sollt dann och den decisive Gol vum Owend sinn.
D'Partie ass schliisslech mat 2:1 op en Enn gaangen. Am Himatch hate béid Ekippe sech jo mat engem 0:0 getrennt. Deementspriechend ass Paderborn fir déi drëtte Kéier an der Geschicht vum Veräin an d'Bundesliga opgestigen iwwerdeems Wolfsburg fir déi éischte Kéier nom Opstig virun 29 Joer nees an der zweethéchster Spillklass vum däitsche Futtball muss untrieden.