
Am Allersmatch vun der Qualifikatioun fir d'Conference League war Munneref an der Paus am Stade Achille Hammerel um Verluerekascht scho mat 0:2 hannen. An der 2. Hallschent konnten d'Lëtzebuerger nach e Gol markéieren, esou datt et um Enn eng knapp 1:2-Defaite géint Tiflis gouf.
Munneref huet ganz fréi am Match den éischte Géigegol missen astiechen. No engem Corner konnt de Bah an der 2. Minutt den 1:0 fir d'Gäscht markéieren. Och den 2. Gol sollt no enger Standardsituatioun falen. No engem weidere Corner konnt de Vatsadze no 19 Minutten op 2:0 erhéijen. D'Partie war an der Suite och méi ausgeglach, d'Säite goufen trotzdeem mat engem 0:2-Réckstand gewiesselt.
An der 2. Hallschent war et an enger éischter Phas e Match op Aenhéicht ouni déi grouss Chancë virun de Goler. An der 71. Minutt huet de Far den 1:2-Uschlossgol fir d'Lëtzebuerger markéiert. Den Trainer vun de Munnerefer huet an der Schlussphas offensiv gewiesselt, e weidere Gol sollt awer net méi falen.
De Retourmatch gëtt de 16. Juli um 19 Auer zu Tiflis ugepaff.
En Dënschdeg an e Mëttwoch ware scho Stroossen an Déifferdeng an d'Conference-League-Qualifikatioun gestart. Biissen hat sech am Allersmatch vun der Champions-League-Qualifikatioun knapp misse geschloe ginn.