Ro!Rudderen ass gutt fir Norwegen

Tom Nols
All Futtball-WM setzt nei Trends. Déi Kéier sinn et d'Norweger, déi zesumme rudderen. "Hu" a "Lo Ola" ware gëschter. Firwat a wéini huet dat ganzt Gerudders ugefaangen?
D'Norweger rudderen duerch de ganzen Tournoi
D'Norweger rudderen duerch de ganzen Tournoi
© TIMOTHY A. CLARY/AFP

Et ass elo schonn de "Move" vun dëser Futtball-Weltmeeschterschaft. D'Blosen an eng traditionell Troter signaléiert de Fans vun Norwegen, sech ze setzen a prett ze maachen. No zwee Schléi op eng Tromm rudderen se a ruffen haart "Ro!". Beim sougenannte "Viking Row" ass jiddereen dobäi, et huet en neit Identitéits- a Gemeinschaftsgefill ausgeléist bei de soss éischter rouege Skandinavier. D'Futballspiller spieren, dass domat all Supporter hannert hinne steet, ob an der Heemecht, am Stadion oder um Times Square zu New York.

Virun 10 Joer haten d'Islänner op der Europameeschterschaft de "Viking Clap" mam faméisen "Hu!" presentéiert. Och déi Aktioun war extreem andrécklech gewiescht an an der Suite souguer vun aneren Natioune kopéiert ginn. Erënnert Dir Iech nach un d'Vuvuzelae vun 2010? Och déi waren op hir Manéier e Phenomen. D'"La Ola Well" ass de Klassiker am kollektive Feiere wärend Futtballmatcher. 1984 war se op den Olympesche Summerspiller zu Los Angeles eng éischte Kéier duerch de Stadion gaangen, zwee Joer méi spéit war se op der Futtball-WM 1986 zur bis haut ikonescher Fan-Aktioun ginn.

Wien huet et erfonnt?

An dësem Fall waren et net d'Schwäizer. D'Ruddere soll un d'Wikinger erënneren, déi viru ronn 1.000 Joer Amerika sollen entdeckt hunn. Elo si se rëm dohi geruddert. Am iwwerdroene Sënn, zum Deel gëtt, aus geschichtlecher Siicht, kontrovers driwwer diskutéiert. D'Aktioun huet awer net wierklech eng kulturhistoresch Quell. De "Ro" ass réischt virun der WM '26 erfonnt ginn an net vun de Fans selwer. Dacks si professionell Animateuren um Wierk, déi versichen, en Trend z'entwéckelen. E gutt Beispill dofir ass d'EM 2024, wéi déi däitsch Fans no de Goler vun der Mannschaft op eemol "Major Tom (...völlig losgelöst)" gesongen haten. Bei deem Trend war vun Ufank un den DFB hannert de Kulisse mat um Wierk, sou Fuerscher um Gebitt vun der Fan-Kultur.

Den Norweger hiert Ruddere geet zréck op den Ole Froystad, Persoun aus den nationale Medien, deen entretemps och als "Mr. Row Row" bekannt ass. Enn 2025 hat hien d'Iddi vum Rudderen un e Fanclub vun der Nationalekipp weiderginn an am Fréijoer bei engem Frëndschaftsmatch géint d'Schwäiz war de Phenomen eng éischte Kéier opgedaucht.

Richteg opmierksam drop gi sinn d'Norweger, nodeems d'Nationalekipp an engem Frëndschaftsmatch géint Schweden domat ënnerstëtzt gi waren. Ganz nei ass d'Aktioun awer net. Zanter Jore gëtt et de "Viking Row" op Concerte vun der schweedescher Heavy-Metal-Band Amon Amarth. Op de soziale Medien huet sech hire Frontmann gemellt an ass frou, dass d'Beweegung vun hire Fans de Wee eraus an d'Welt fonnt huet.

Gutt fir d'Land

Dass d'Norweger alleguer zesumme rudderen, muss also als PR-Konschtwierk ugesi ginn. Et geet awer doriwwer eraus. Dat kollektiivt Rudderen huet zu engem neie Gemeinschaftsgefill am Land gefouert. Jiddereen ass matenee verbonnen, och déi, déi soss näischt um Hutt hu mam Futtball. Iwwerall gëtt geruddert, souguer am norwegesche Parlament an och de Prënz Haakon hat sech no der Victoire géint Brasilien ënner d'Foussvollek gemëscht, fir mat ze feieren.

No 28 Joer dierfen d'Skandinavier endlech rëm eng WM spillen. Sou wéi 1998. Deemools haten eng Rei Pappe vun den aktuelle Spiller géint Brasilien gewonnen. D'Legend wëll et, dass si zanterhier all Demande vu Frëndschaftsmatcher géint d'Südamerikaner refuséiert haten, fir déi schéi Statistik net a Gefor ze bréngen. Pluspunkt fir de "Viking Row": et brauch ee sech wuel keng Suergen ze maachen, dass Fans vun aneren Natiounen d'Aktioun wäerte kopéieren. Op wéi en anert Land géing "an Amerika rudderen" soss nach passen?

Enn a Siicht

E Samschdeg den Owend geet et an de Véierelsfinalle géint England. Dohi waren d'Wikinger jo och mol geruddert. A voir, wéi vill se déi Kéier un Zerstéierung hannerloosse wäerten. Jiddefalls mécht sech den norwegeschen Trainer Stale Solbakken sou lues Suergen ëm d'Gesondheet vun hire Fans, déi net méi aus dem Feieren an dem Rudderen erauskommen. Souwisou géif de Phenomen no der Weltmeeschterschaft offiziell begruewe ginn, sou de Solbakken. Dono géif net méi geruddert ginn.

Egal wéi wäert de "Ro" d'Land awer fir ëmmer veränneren, mengt de Chef-Rudderer Erling Braut Haaland. D'Euphorie géing net ophalen, souguer am Fall vun enger Néierlag. Heem wäert et awer, trotz allem Gerudders, mam Fliger goen.

Ganz Norwegen dreemt mam Erling Haaland vun der Sensatioun
Ganz Norwegen dreemt mam Erling Haaland vun der Sensatioun
© AL BELLO/Getty Images via AFP

Back to Top
CIM LOGO