Public Viewing zu EschD'Fransouse gewannen de Match, bei der gudder Stëmmung gouf awer gläichgespillt

Lisa Weisgerber
Wärend zu Boston Frankräich a Marokko alles ginn hunn, fir an d'Halleffinall ze kommen, hunn d'Supporter och zu Esch matgeféiwert.

Fändelen, Trikoten an eng gutt Portioun Nervositéit: Um Public Viewing zu Esch hunn e Mëttwoch den Owend franséisch a marokkanesch Supporter zesummen déi éischt Véierelsfinall vun der Futtballweltmeeschterschaft suivéiert. Scho wärend den Nationalhymne war d'Atmosphär ze spieren, mat béide Fanlager, déi hir Ekipp komplett ënnerstëtzt hunn.

Virum Ustouss ware vill Supportere sech sécher, datt Frankräich sech géif duerchsetzen. Anerer hunn op eng Iwwerraschung vun de Marokkaner gehofft. Mat all Aktioun um Terrain gouf gejubelt, geklappt oder matgeféiwert, an och ouni Gol an der éischter Hallschent ass d'Stëmmung um Public Viewing gutt bliwwen.

An der Paus war d'Hoffnung op béide Säite nach grouss. Wärend déi marokkanesch Fans op den éischte Gol fir hir Ekipp gewaart hunn, waren déi franséisch Supporteren iwwerzeegt, datt hir Ekipp hir Dominanz nach géif belounen.

Frankräich vs Marokko: Gutt Stëmmung um Public Viewing zu Esch
Fändelen, Trikoten an eng gutt Portioun Nervositéit: Esou kann een d'Stëmmung vum Donneschdeg den Owend zu Esch beschreiwen.

No der Paus huet d'Stëmmung sech séier geännert. Wéi Frankräich seng Goler markéiert huet, ass de Jubel am franséische Fanblock grouss gewiescht. Franséisch Fändele goufe geschwenkt an d'Supportere hunn zesumme gefeiert.

Trotz der Néierlag war d'Enttäuschung bei de marokkanesche Fans nëmme kuerz ze spieren. Vill hu betount, datt si trotz allem houfreg op hir Ekipp wieren an op déi staark Leeschtung am Tournoi zeréckblécken. Déi franséisch Supporter hu mat engem "Allez les bleus" de Fransousen hir Victoire geféiert a freeë sech elo op eng spannend Halleffinall, wou de Géigner nach net feststeet. Ob et d'Belsch oder d'Spuenier gëtt, déi Decisioun fält e Freideg den Owend. De Match fänkt um 21 Auer un. 

Och zu Bartreng gouf zesumme dëse Match gekuckt

Back to Top
CIM LOGO