
An de Stroosse vun der Stad am Massachusetts goufen et schonn e Mëttwoch den Owend friddlech Feierlechkeeten. Den Autoritéite no hu sech eng Rëtsch marokkanesch Spectateure getraff. An dësem Duell huet Marokko gewonnen, well hire Grupp méi grouss war wéi dee vun de Fransousen. Am Ganze solle sech eng dausend Leit zu Boston fir d'Véierelsfinall "waarm gemaach" hunn.
Scho viru 4 Joer bei der Weltmeeschterschaft am Qatar hate béid Ekippen an der K.o-Phas géintenee gespillt. An der Halleffinall hat d’Equipe Tricolore sech mat 2:0 duerchgesat duerch d’Goler vum Théo Hernàndez an dem Randal Kolo Muandi. Leschtgenannten ass bei dëser Weltmeeschterschaft net méi am Kader vun "Les Bleus".
Sou sinn d'Marokkaner prett, fir hir Revanche vu viru 4 Joer ze huelen. Mat der 3:0 Victoire géint Kanada an der Aachtelsfinall hate si sécherlech ee méi einfache Wee wéi d’Fransousen. Déi hu misse géint de Paraguay eng physesch an intensiv Partie gewannen.
En Donneschdeg den Owend um 22 Auer eiser Zäit treffe béid Ekippen am Boston Stadium viru ronn 65.000 Spectateuren openeen. Hei gëtt sech eng hëtzeg Véierelsfinall erwaart. Et kann ee gespaant sinn, ob de Kylian Mbappé Frankräich an d'Halleffinall schéisst oder ob den Achraf Hakimi mat de Marokkaner ee Schratt méi no un d'Finall kënnt.