Coupe des DamesDe Stater Racing gewënnt mat 3:1 géint den FC Déifferdeng

Serge Olmo
E Méindeg gouf am nationale Futtball d'Finall vun der Coupe des Dames zu Stroossen tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Racing Union gespillt.
Coupe des Dames: FC Déifferdeng 03 géint Racing Union
Coupe des Dames: FC Déifferdeng 03 géint Racing Union
© Serge Olmo

Et ass de 5. Doublé noeneen, wat fir déi absolut Dominanz schwätzt vum Racing. Schonn no 53 Sekonne konnt, viru 965 Spectateuren, d’Coraline Corplet de Gol fir d’Favorittinne markéieren no engem Feeler an der Déifferdenger Defense.

D’Reaktioun vum FCD03 war an der 3. Minutt ze gesinn a mam Amy Thompson. D’Nationalspillerinn huet mat 31 Joer de leschte Match gespillt op Veräinsniveau. Bleiwen nach zwou Partië mat der Nationalekipp an dat 2 Mol géint d’Belsch de 5. an 9. Juni.

Den 2. Gol vum Racing, duerch déi selwecht Spillerin an zwar Coraline Corplet, ass nees no enger Onstëmmegkeet an der Déifferdenger Defense gefall no 19 Minutten. Fir d’éischt gouf de Gol wéinst Abseits annuléiert. Nodeem sech den Arbittertrio ofgeschwat huet, ass de Gol awer accordéiert ginn.

D’Ana Tinoco hätt no enger Pass an Déift d’Finall kënne relancéieren. Den Ofschloss war awer net gutt an der 22. Minutt.

Kuerz virun der Paus huet d’Corplet bal en Hattrick fäerdeg bruecht, mee de Schoss vun der effikasster Spillerin vun der Saison war knapp net kadréiert. D’Säite goufen deemno mat 2:0 fir de Racing gewiesselt.

Och nom Säitewiessel huet de Favorit séier zougeschloen. D’Nationalspillerin Marta Estevez huet an der 48. fest a präzis geschoss. 3:0 fir de Racing. Dat war ganz däitlech méi wéi eng Tendenz.

No 71 Minutten an no engem Gewulls waren déi Stater engem weidere Gol ganz no.

No 75 Minutten ass d’Amy Thompson beim FC Déifferdeng ausgewiesselt ginn. Dat war schonn en emotionale Moment.

Kuerz drop hat de Racing Pech no engem Lateschoss vum Coraline Corplet.

Den FC Déifferdeng konnt an der 84. Minutt mam Ana Tinoco bei 1:3 verkierzen. An der 90. Minutt hätten déi Déifferdenger kënnen de Match spannend maachen, mee d’Tinoco krut en Abseits gepaff, dee warscheinlech kee war.

Schlussendlech gouf no engem 3:1 fir de Racing d’Coupe iwwerreecht.
________________________________________________

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO