60 Joer ass et hir, datt England de bis elo eenzege Weltmeeschtertitel wanne konnt. Och dëst Joer zielen d'Three Lions nees zum enke Favorittekrees op den Titel. Ugefouert gëtt de WM-Kader, deen den Thomas Tuchel de Weekend annoncéiert huet, natierlech vum Top-Stiermer a Kapitän Harry Kane, sou wéi vun de Schlësselspiller Declan Rice an Jude Bellingham. Am Ganze sinn am Kader 14 Spiller ze fannen, déi bei der EM 2024 an der Finall géint Spuenien mat dobäi waren.
Den däitschen Trainer huet mat senger Lëscht awer och fir e puer Iwwerraschungen an Diskussioune gesuergt. Sou goufe beispillsweis e Cole Palmer, en Trent Alexander-Arnold, Harry Maguire oder och e Phil Foden net an den definitive Kader beruff. Mam Morgan Gibbs-White a mam Dominic Calvert-Lewin feelen och déi zwee bescht englesch Buteuren aus dëser Premier-League-Saison.
Op der Pressekonferenz huet den Thomas Tuchel betount, datt et "vill schwiereg Decisioune" waren, déi hien treffe misst. Elo wier hien "erliichtert", datt deen Deel eriwwer wier. Am Grupp L spillt England géint Kroatien, Ghana a Panama.
Gol
Jordan Pickford, Dean Henderson, James Trafford
Defense
Reece James, Jarell Quansah, Ezri Konsa, John Stones, Marc Guehi, Nico O'Reilly, Dan Burn, Tino Livramento, Djed Spence
Mëttelfeld
Declan Rice, Elliot Anderson, Kobbie Mainoo, Jordan Henderson, Morgan Rogers, Eberechi Eze, Jude Bellingham
Stuerm
Bukayo Saka, Noni Madueke, Marcus Rashford, Anthony Gordon, Harry Kane (C), Ollie Watkins, Ivan Toney