Et ass eng Geschicht, déi sou nëmmen de Futtball schreiwe kann. E Sonndeg den Owend huet den Zweetligist Uniao Torreense d'Finall vun der portugisescher Coupe mat 2:1 géint de grousse Favorit Sporting gewonnen a sech doduerch fir d'Europa League an der nächster Saison qualifizéiert.
An der Finall vun der sougenannter "Taça de Portugal" war Torreense schonn no véier Minutten iwwerraschend a Féierung gaangen a konnt d'Féierung och bis an d'Paus eran halen. Knapp 10 Minutten nom Säitewiessel war et dann de Luis Javier Suarez, deen op 1:1 ausgeglach huet. Relativ laang hat de Favorit also nach Zäit, de Score op seng Säit ze dréinen. Dat sollt awer net geschéien. Den Aussesäiter huet sech bis an d'Verlängerung gerett, wou dann en Eelefmeter vum Stopira an der 113. Minutt no enger Noutbrems fir den decisiven 2:1 suerge sollt.
An der nächster Saison wäert nieft Juventus, Leverkusen a Co. also och de portugiseschen Zweetligist Uniao Torreense an der Ligaphas vun der Europa League oplafen.