
Vill Titelen huet de Cristiano Ronaldo schonn a senger laanger Karriär scho gewonnen. De WM-Titel feelt dobäi awer nach a senger Sammlung. Dat soll sech elo op senger mëttlerweil sechster Participatioun änneren. Nieft dem 41 Joer ale Superstar huet Portugal awer nach ganz aner Spiller, déi d'Ekipp vum Trainer Roberto Martinez nees zu de Favoritten ziele léisst.
Mam Vitinha, Joao Neves, Nuno Mendes a Gonçalo Ramos sinn direkt véier Champions-League-Gewënner vun dëser Saison vum PSG dobäi. Donieft ass souwuel d'Offensiv mat engem Bruno Fernandes oder Bernardo Silva, wéi och d'Defensiv mam Ruben Dias oder Joao Cancelo mat erfuerene Spiller besat. Weider wäerten och Spiller wéi de Rafael Leao oder och e Pedro Neto Vitess an d'Spill bréngen.
Fir Portugal geet et am Grupp K géint Kolumbien, Usbekistan an DR Kongo.
Gol
Diogo Costa
José Sa
Rui Silva
Ricardo Velho
Defense
Tomas Araujo
Joao Cancelo
Diogo Dalot
Ruben Dias
Goncalo Inacio
Nuno Mendes
Matheus Nunes
Nelson Semedo
Renato Veiga
Mëttelfeld
Samuel Costa
Bruno Fernandes
Joao Neves
Ruben Neves
Bernardo Silva
Vitinha
Stuerm
Francisco Conceicao
Joao Felix
Goncalo Guedes
Rafael Leao
Pedro Neto
Goncalo Ramos
Cristiano Ronaldo
Francisco Trincao