
Fir de Sébastien Thill gouf et perséinlech nach eemol eng staark Leeschtung fir den Ofschloss vun der Saison a Polen. Am Match géint GKS Tychy huet hien de Féierungsgol virbereet a méi spéit dann och selwer getraff. Um Enn gouf et en 3:3-Remis, duerch dee Stal Rzeszow d'Saison am Mëttelfeld op der 13. Plaz ofschléisst.
E Succès gouf et dann a Russland fir de Christopher Martins. Do huet sech Spartak Moskau an der Coupe-Finall am Eelefmeterschéissen mat 4:3 géint Krasnodar den Titel geséchert. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller war an der 44. Minutt op den Terrain komm.