
Nom verpassten Triple huet den FC Bayern sech e Samschdeg den Owend den Doublé geséchert. No der souveräner Victoire am Championnat huet ee sech an der Finall vum DFB-Pokal géint Stuttgart am Berliner Olympiastadion mat 3:0 duerchgesat. Fir déi Münchner huet de Kane direkt dräimol getraff.
No hirer Dominanz an der Bundesliga sinn d'Bayern als Favorit an d'Finall vum DFB-Pokal géint Stuttgart gaangen. Ma Stuttgart huet dem däitsche Rekordchampion d'Liewe schwéier gemaach. No vir war Stuttgart an den éischte 45 Minutten déi besser Ekipp an hat och déi besser Chancen op senger Säit, dat virun allem duerch de Mittelstädt. Déi Münchener sinn harmlos opgetrueden a konnten am Spill no vir kaum eppes bewierken.
No der Paus ass dem Harry Kane awer eng Aktioun duergaangen, fir den FC Bayern mat 1:0 (55') a Féierung ze bréngen. No engem Fräistouss vum Kimmich hat den Olise de Ball an de Fënnefmeterraum geflankt, wou de Kane gelauert a mam Kapp verwandelt huet. Duerno huet d'Ekipp vum Kompany de Match an d'Hand geholl an huet kaum nach Zweiwel un der Victoire opkomme gelooss. An der 80. Minutt konnt de Kane no Viraarbecht vum Diaz op 2:0 setzen. An en drëtte Gol sollt dem Englänner och nach geléngen. An der Nospillzäit huet hi vum Punkt fir d'3:0-Schlussresultat gesuergt.
Barcelona huet Lyon an der Finall zu Oslo keng Chance gelooss a sech mat 4:0 behaapt. Barca hat sech dës Saison och schonn de Championstitel an d'Coupe a Spuenien geséchert.
D'Finall vun den Häre gëtt den 30. Mee gespillt. Hei sti sech Paris Saint-Germain an Arsenal zu Budapest géintiwwer. De Match kënnt Dir live op RTL ZWEE op der Tëlee an am Stream op RTL Play an RTL.lu kucken.
Hull City ass den drëtten Opsteiger an d'englesch Premier League. An der Playoff-Finall am Londoner Wembley géint Middlesbrough ass dem Oliver McBurnie den decisiven 1:0 an der fënnefter Minutt vun der Nospillzäit gelongen.
Mat Hull City steigt de Sechsten aus der regulärer Championship-Saison op. Déi aner Opsteiger si Coventry an Ipswich.
Am Match ass et ëm vill Sue gaangen. Hull City dierf sech elo iwwer 230 Milliounen Euro freeën, déi een elo méi verdéngt.
Fir d'éischte Kéier zanter 2016 geet de Rheinlandpokal nees an d'Porta-Nigra-Stad. An der Finall huet d'Eintracht vun Tréier TuS Koblenz mat 1:0 geklappt. Den decisive Gol huet den Noah Herber an der 82. Minutt geschoss. Fir Tréier ass et de 16. Pokaltitel an der Veräinsgeschicht. Elo dierf een op en attraktive Géigner am DFB-Pokal hoffen. Déi éischt Ronn gëtt vum 21. bis de 24. August gespillt.

De fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz huet mat Waldhof Mannheim de Landespokal gewonnen. No der Partie huet de Luc Holtz bekannt ginn, datt hie säi Kontrakt zu Mannheim wäert opléisen.