Et ass net einfach e Futtball-Trikot, mee e Stéck Sport-Geschicht. De bloe Brasilien-Trikot mat der Nummer 10, deen de Pelé an der Finall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft 1958 gedroen huet, kënnt elo beim renomméierten Auktiounshaus Sotheby's ënnert den Hummer.
Schonn elo hunn d'Geboter d'Grenz vun enger Millioun US-Dollar iwwerschratt. D'Auktioun leeft nach bis de 16. Juli.
Den 29. Juni 1958 huet Brasilien an der Finall zu Stockholm mat 5:2 géint Schweden gewonnen an domat den alleréischte Weltmeeschtertitel gefeiert. De Pelé war deemools eréischt 17 Joer al. Hien huet zwee Goler geschoss a sech mat där Leeschtung op ee Coup an d'Geschichtsbicher gespillt. Fir vill Futtballfans war dat den Ufank vun enger aussergewéinlecher Karriär, déi hien zu enger vun de gréisste Legenden an der Geschicht vum Sport gemaach huet.
De Pelé huet de Futtball net nëmmen duerch seng Erfolleger gepräägt, mee och duerch säin Afloss op de Sport selwer. Hien huet am Ganzen dräi Weltmeeschtertitele gewonnen – e Rekord, deen nach haut eenzegaarteg ass.