Verantwortlech Organisateure vun der Futtball Europameeschterschaft 2024 an Däitschland si wéinst dem Verdacht, datt si sech Virdeeler verschaaft hunn, an d'Viséier vun der Justiz geroden. Ermëttler vum Parquet vu Bochum a vum Landeskriminalamt vun Nordrhein-Westfalen hunn e Mëttwoch mat der Hëllef vun der lokaler Police verschidde Gebailechkeeten a méi Uertschaften an Däitschland duerchsicht. Dobäi war si och an der Zentral vum Däitsche Futtball Bond (DFB) zu Frankfurt am Main Asaz. Dat huet den DFB géintiwwer dem SID confirméiert.
"Géigestand vun den Ermëttlunge sinn presuméiert net autoriséiert Virdeeler, déi verschidde Leit kruten." Am Viséier ass eng ënner anerem eng Persoun, déi deemools fir eng Stad, an där Matcher ausgedroe goufen, geschafft huet. Dëse soll ënner anerem e Besuch vun engem Lännermatch vun de Verantwortleche vun der Gesellschaft, déi dës organiséiert hunn, kritt hunn, heescht et vum Parquet vu Bochum an dem LKA an engem Schreiwes.
Organiséiert gouf d'Europameeschterschaft vun der EURO 2024 GmbH. D'Gesellschaft war en Zesummeschloss vum DFB mat der UEFA, mat Sëtz an de fréiere Raimlechkeete vum DFB zu Frankfurt. Si huet zum gréissten Deel der UEFA gehéiert. Nieft verschiddene Verantwortlecher vun der GmbH sinn och Responsabeler vun de Stied, an deene Matcher gespillt goufen, am Viséier vun den Ermëttlungen.
"Donieft sollen d'Stied, déi d'Matcher organiséiert hunn, vun de Verantwortleche vun der Gesellschaft, déi d'Turnéier organiséiert hunn, en exklusiivt Virverkafsrechter fir Kaarte fir d'Matcher ugebuede kritt hunn. Verschidde Stied hätten déi dann och ugeholl an op ënnerschiddlech Aart a Weis genotzt", esou de Parquet vu Bochum an d'LKA weider.
"Déi Beschëllegt hate bis ewell keng Méiglechkeet, sech géint d'Virwërf ze äusseren." Bis si verurteelt sinn, gëlle si als Onschëlleg.