
Ënner anerem de Kapitän Kylian Mbappé (Real Madrid), de Michael Olise (Bayern München) an den Ousmane Dembélé (PSG) solle Frankräich dëse Summer den 3. Weltmeeschtertitel besuergen. Och doriwwer eraus hunn d'Fransousen ee Kader mat enger sëllege Spiller vun europäesche Spëtzeveräiner, deen domadder zu deene Beschte bei dëser WM zielen dierft.
Net ënnert déi 26 Spiller huet et iwwerraschend den Eduardo Camavinga (Real Madrid) gepackt. Och de Khéphren Thuram (Juventus Turin) an de Randal Kolo Muani (Tottenham Hotspur) goufen net an de Kader beruff.
No 14 Joer un der Säitelinn wäert et dem Didier Deschamps säi leschten Tournoi als franséische Cheftrainer sinn. Ënnert him konnt Frankräich den Titel 2018 gewannen an hat et och 2022 an d'Finall gepackt. Beim 1. WM-Titel vu Frankräich war hien 1998 als Spiller dobäi.
Gol: Mike Maignan, Robin Risser, Brice Samba
Defense: Lucas Digne, Malo Gusto, Lucas Hernandez, Théo Hernandez, Ibrahima Konaté, Jules Koundé, Maxence Lacroix, William Saliba, Dayot Upamecano
Mëttelfeld: N'Golo Kanté, Manu Koné, Adrien Rabiot, Aurélien Tchouaméni, Warren Zaïre-Emery
Offensiv: Maghnès Akliouche, Bradley Barcola, Rayan Cherki, Ousmane Dembélé, Désiré Doué, Jean-Philippe Mateta, Kylian Mbappé, Michael Olise, Marcus Thuram
Den Optakt vun der Futtball-WM a Kanada, Mexiko an den USA ass den 11. Juni. D'Finall gëtt de 19. Juli gespillt.
Frankräich start de 16. Juni zu New Jersey mat enger Partie géint de Senegal an den Tournoi. Duerno trëfft een am Grupp I nach op den Irak an op Norwegen.