Mam Kevin De Bruyne (SSC Neapel), Jérémy Doku (Manchester City) a Co. wëll d'Belsch dëse Summer eng éischte Kéier Weltmeeschter ginn. Och de Romelu Lukaku (SSC Neapel), deen dës Saison nach a kengem Match an der Startformatioun stoung, ass nees mat dobäi.
De Fransous Rudi Garcia ass réischt zanter Januar 2025 belschen Nationaltrainer. Et ass deemno säin éischten Tournoi fir d'Diables Rouges.
Gol: Thibaut Courtois, Senne Lammens, Mike Penders
Defense: Timothy Castagne, Zeno Debast, Maxim De Cuyper, Koni De Winter, Brandon Mechele, Thomas Meunier, Nathan Ngoy, Joaquin Seys, Arthur Theate
Mëttelfeld/Offensiv: Kevin De Bruyne, Charles De Ketelaere, Jérémy Doku, Matias Fernandez-Pardo, Romelu Lukaku, Dodi Lukébakio, Diego Moreira, Amadou Onana, Nicolas Raskin, Alexis Saelemaekers, Youri Tielemans, Leandro Trossard, Hans Vanaken, Axel Witsel.
Den Optakt vun der Futtball-WM a Kanada, Mexiko an den USA ass den 11. Juni. D'Finall gëtt de 19. Juli gespillt.
D'Belsch start de 15. Juni zu Seattle géint Ägypten an den Tournoi. Duerno trëfft een am Grupp G nach op den Iran an op Neuseeland.