E Mëttwoch sinn et am internationale Futtball nees eng Rei Decisioune ginn. An der Ligue 1 huet de PSG mat enger 2:0-Victoire zu Lens de 14. Championstitel kloer gemaach an an Italien huet Inter Mailand mat engem 2:0-Succès an der Finall géint Lazio d'Coupe gewonnen.
Donieft huet Manchester City sech an engem Nodrosmatch mat 3:0 géint Crystal Palace duerchgesat a bleift domat an der Tabell zwee Spilldeeg viru Schluss weider zwee Punkten hannert dem Leader Arsenal.
Manchester City - Crystal Palace 3:0
1:0 Semenyo (32'), 2:0 Marmoush (40'), 3:0 Savinho (84')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Lazio Roum - Inter Mailand 0:2
0:1 Marusic (14'), 0:2 Martinez (35')
Inter Mailand huet mat enger 2:0-Victoire géint Lazio Roum d'Coppa Italia gewonnen. Am Olimpico zu Roum hat ee fréie Selbstgol vum Marusic fir d'Féierung vun Inter gesuergt. Och beim 2:0 an der 35. Minutt gouf een Defensivfeeler direkt vum Lautaro Martinez bestrooft. An der zweeter Hallschent huet Inter dann immens ofgekläert gewierkt, hannen näischt zougelooss an d'Féierung iwwert d'Zäit bruecht.
Lens - PSG 0:2
0:1 Kvaratskhelia (29'), 0:2 Mbaye (90+3')
An der Ligue 1 huet de PSG de 5. Championstitel hannerteneen ee Spilldag viru Schluss kloer gemaach. E Mëttwoch den Owend gouf et an engem Nodrosmatch beim direkte Verfollger RC Lens en 2:0-Succès. Dobäi hat d'Ufanksphas eigentlech der Lokalekipp gehéiert. Si hate méi vum Match an och schonn eng gutt Chance op d'Féierung, ma effektiv Paräisser hunn direkt déi éischt Chance fir d'Féierung am Numm vum Kvaratskhelia genotzt. Och nom 1:0 war Lens déi besser Ekipp, krut de Ball awer einfach net an de Gol geschoss. Dat selwecht Bild huet sech och nom Säitewiessel gewisen, ma d'Offensiv ass um Safonov am Gol vum PSG verzweiwelt. An der Nospillzäit konnt den Ibrahim Mbaye dann den Deckel mam 2:0 drop maachen.
Brest - Stroossbuerg 1:2
0:1 Barco (9'), 1:1 Ajorque (13'), 1:2 Nanasi (20')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Alaves - FC Barcelona 1:0
1:0 Diabate (45+1')
Villarreal - FC Sevilla 2:3
1:0 Gerard (13'), 2:0 Mikautadze (20'), 2:1 Oso (36'), 2:2 Salas (45+2'), 2:3 Adams (72')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga