No Affär ronderëm Folarin BalogunUEFA reagéiert: "Rout Linn gouf iwwerschratt"

RTL Lëtzebuerg
Am Match géint Bosnien Herzegowina hat den amerikanesche Stiermer déi Rout Kaart gesinn. Elo gouf d'Spär fir d'1/8-Finall awer opgehuewen. Fir d'UEFA een No-Go.
TOPSHOT - SANTA CLARA, CALIFORNIA - JULY 01: Folarin Balogun #20 of the United States fouls Tarik Muharemovic #4 of Bosnia and Herzegovina which is later reviewed by VAR and awarded as a red card foul a during the FIFA World Cup 2026 Round of 32 match between USA and Bosnia and Herzegovina at San Francisco Bay Area Stadium on July 01, 2026 in Santa Clara, California. Michael Steele/Getty Images/AFP (Photo by MICHAEL STEELE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Den europäesche Futtballverband UEFA reagéiert op d'Decisioun vum Weltfuttballverband FIFA, datt den amerikanesche Stiermer Folarin Balogun no senger rouder Kaart am Match géint Bosnien-Herzegowina, fir d'Partie an der Aachtelsfinall géint d'Belsch, ëm 2 Auer an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg, spillberechtegt ass. D'UEFA huet e Statement op hirem Site publizéiert. Fir si wier eng Linn iwwerschratt ginn, well de Futtball sech, wéi all aner Sportaart och, u Reegelen hale muss, fir eng fair, éierlech an transparent Competitioun ze bilden.

UEFA: "Heiansdo loosse Reegele Spillraum fir Interpretatiounen. An dësem Fall allerdéngs net."

Fir den europäesche Futtballverband dierft een och an dësem Fall keng Ausnam maachen, virun allen net matten an engem Tournoi, bei deem schonn aner Spiller vun esou enger Spär betraff waren. Tatsächlech ass d'"Mindestspär" no enger rouder Kaart souwuel am Reglement vun der WM, wéi och am Disziplinarcode vun der FIFA néiergeschriwwen. Den Artikel 27 erlaabt der Disziplinarkommissioun awer grondsätzlech dës Strofen ze veränneren. Vun deem Recht huet d'FIFA Gebrauch gemaach.

Den US-President Donald Trump soll jo no der rouder Kaart am leschte Match perséinlech beim FIFA-President Gianni Infantino intervenéiert hunn. De belsche Futtballverband RBFA geet géint d'Decisioun vun der FIFA-Disziplinarkommissioun an Appell.

FIFA an UEFA zanter Joren am Klinsch

D'Verhältnis tëscht der FIFA an der UEFA ass zanter Jore schlecht an ass virun allem op kommerziell Interessen zeréck ze féieren. D'Pläng vun der FIFA, fir d'Weltmeeschterschaft all zwee Joer ze organiséieren, sinn opgrond vu Widderstand vun den Europäer nach net gelongen. Dofir awer déi méi grouss FIFA-Klub-WM, déi d'lescht Joer lancéiert gouf.

Donieft sollen och den UEFA-President Aleksander Ceferin an de FIFA-Boss Gianni Infantino net gutt openeen ze schwätze sinn. Wéi virum Optakt vun der WM de somaleschen Arbitter Omar Artan vun den US-Autoritéiten d'Arees verweigert kritt hat, hat d'UEFA hien als Arbitter fir den UEFA-Supercup en place gesat. E kloren Affront géintiwwer dem Infantino.

Back to Top
CIM LOGO