Nations League 2026/27D'Rout Léiwen treffe fir den Optakt op Bulgarien

Yannick Gross
Och wann de Géigner net ze ënnerschätze wier, sollt d'Zil dem Jeff Strasser no awer sinn ze gewannen.
Nations League 2026/27
D'Rout Léiwen treffe fir den Optakt op Bulgarien

E Samschdeg fänkt fir d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp eng weider Nations-League-Campagne un. Den éischte Géigner heescht dobäi auswäerts Bulgarien, géint déi et an der Vergaangenheet éischter komplizéiert Matcher waren. Déi weider Géigner an dëser Campagne heeschen Estland an Island.

Och scho bei der leschter Editioun vun der Nations League virun zwee Joer haten d'Lëtzebuerger géint Bulgarien gespillt, an an deenen zwee Matcher kee Gol geschoss. 0:1 an 0:0, dat waren d'Resultater deemools. De Géigner vun e Samschdeg an awer och Estland an Island sinn also net ze ënnerschätzen, d'Zil virun all Match sollt, dem Trainer Jeff Strasser no awer sinn, ze gewannen:

"Mir wëlle gären eng Ekipp hunn, déi op den Terrain geet, fir ze gewannen. Géint Estland rechne mir eis Chancen aus, an och géint Bulgarien an d'Islänner. Wa mir muer géife géint eng grouss Natioun spillen, géif ech genau dat nämmlecht soen. Dat ass déi Mentalitéit, wou ech gären hätt, datt d'Ekipp ëmmer méi dra kritt."

Amplaz vun zwee Matcher stinn dës Kéier esouguer véier Matcher an ee méi laange Stage um Programm. Do ass nieft der taktescher Preparatioun d'Recuperatioun mindestens genau esou wichteg, erkläert de Leandro Barreiro:

"Et ass individuell, wéi all Spiller domadder ëmgeet. Wichteg wäert de Schlof sinn oder d'Ernierung oder d'Recupe. Et geet drëms, dass all Spiller mierkt, wat him besser deet. Mir musse kucken, dass mir dono all Spiller rëm op 100 Prozent hu fir d'Matcher."

Net mat dobäi sinn dës Kéier opgrond vu Verletzungen de Seid Korac an de Christopher Martins. Zwee Spiller, déi normalerweis gesat si bei de Roude Léiwen. Ma et hätt awer déi néideg Déift am Kader, fir si ze ersetzen, sou den Nationaltrainer:

"An enger optimaler Welt hu mir all Spiller disponibel. Mir hunn zwee Titulairen déi leider Gottes net dobäi si mam Seid Korac an dem Kiki Martins. Mir hunn op de verschiddene Plazen och Spiller, déi si kënnen ersetzen."

Een dovunner ass den Tomas Cruz, deen dëse Summer vu Benfica an d'Tierkei gewiesselt, do elo am Rhythmus ass, a sech prett fillt fir den Challenge:

"Ech sinn ëmmer stolz fir Lëtzebuerg ze spillen, rëm hei ze sinn, mécht mech zefridden. Ech fille mech prett, hunn elo dräi Matcher gespillt an ech si prett fir e Samschden."

An och de 16 Joer jonken Hamza Kadamani vu Metz ass nees mat dobäi an dierf op Asazminutten hoffen:

"Ech ginn ëmmer alles, den Trainer jugéiert dat no dem Training. Et ass seng Decisioun an dee Beschte spillt."

Beim Match Lëtzebuerg géint Bulgarien kënnt dir e Samschdeg live vun 17:45 Auer un op RTL 2 an am Stream op RTL.lu dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO