
De Schwäizer Nationalspiller Breel Embolo steet fir déi nächst Matcher an der Nations League net am Kader. Hie war sanktionéiert ginn, well hien wärend der Corona-Pandemie gefälscht Covid-19-Testzertifikater benotzt hat.
Schwäizer Medieberichter no hänkt seng Net-Nominatioun mat enger Geldstrof zesummen, déi am November 2025 géint hien ausgeschwat gi war. Den Embolo huet mëttlerweil zouginn, datt säi Verhalen net korrekt war, an erkläert, hie géif d'Verantwortung dofir iwwerhuelen.
Domat ass hien dës Woch schonn den zweete Spiller, deen net fir d'Schwäizer Nationalekipp nominéiert gouf. Och de Kapitän Granit Xhaka feelt. Hien hat e Méindeg zouginn, e gefälschten Zertifikat benotzt ze hunn, fir enger obligatorescher Impfung aus dem Wee ze goen. Als Grond huet hien ënner anerem säi grousst Mësstraue géintiwwer der Impfung an Ängschte genannt.
D'Schwäizer Futtballfederatioun wëll de Fall Xhaka no dëser Lännermatch-Fënster nach eemol ënnert d'Lupp huelen.
D'Schwäiz spillt e Samschdeg auswäerts géint Nordmazedonien an den 29. September géint Schottland. Den Embolo hätt fir den éischte Match wéinst senger rouder Kaart an der WM-Véierelsfinall géint Argentinien souwisou gespaart gefeelt.