"Den Chelsea Football Club freet sech matzedeelen, datt si de Xabi Alonso als Cheftrainer fir d'Härenekipp engagéiert hunn", huet de Veräin an engem Schreiwes matgedeelt. Dës Nouvelle koum e Sonndeg. Den Alonso iwwerhëlt d'Féierung fir déi nächst Saison a soll de Veräin, deen aktuell net déi beschte Placéierungen hat, nees an d'Spuer bréngen. Hien huet fir véier Joer beim Premier-League-Veräin ënnerschriwwen.
Den Xabi Alonso huet als Spiller quasi alles erreecht, wat een erreeche kann. Mat Liverpool huet hien den FA Cup, d'Champions League an den UEFA Supercup gewonnen. Mat Real Madrid gouf hie spuenesche Meeschter, Coupegewënner an huet eng weider Kéier d'Champions League gewonnen. Mat Bayern gouf hien däitsche Meeschter an däitsche Coupegewënner a mat der Spuenescher Nationalekipp gouf hien eng Kéier Welt- an zwee Mol Europameeschter.
Als Trainer ass hie mat Bayer Leverkusen, wou hie vun 2022 bis 2025 aktiv war, däitsche Meeschter ginn an huet den DFB-Pokal gewonnen. Dono war hie fir eng hallef Saison op Madrid komm, éier sech d'Weeër vu béide Veräiner getrennt hunn. Vum 1. Juli u wäert hien dann elo d'Geschécker vun Chelsea London leeden.