
Zënter e Samschdeg steet fest, dass Heidenheim a St. Pauli an d'zweet Bundesliga ofsteigen a Wolfsburg an der Relegatioun spillt. Um Sonndeg gouf de Géigner vun de Wëllef tëscht Hannover, Elversberg a Paderborn ermëttelt. Do wäert et géint Paderborn goen, well Hannover just 3:3 géint Nürnberg gespillt huet. Elversberg ass nom 3:0 géint Münster als Zweeten hannert Schalke den zweeten Opsteiger.
Nieft Preußen Münster muss Fortuna Düsseldorf ofsteigen. Greuther Fürth, den aktuelle Veräi vum Lëtzebuerger Aiman Dardari, spillt no engem 3:0 géint Düsseldorf Relegatioun.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Manchester United - Nottingham 3:2
1:0 Shaw (5'), 1:1 Morato (53'), 2:1 Cunha (55'), 3:1 Mbeumo (76'), 3:2 Gibbs-White (78')
Am leschten Heemmatch vun der Saison huet sech ManU déi drëtt Plaz definitiv geséchert. Scho virdru war kloer, dass d'Red Devils mol nees fir d'Champions League qualifizéiert wären. Fir Nottingham, den Halleffinalst vun der Conference League, goung et ëm näischt méi, mee den Tabellesiechzéngten huet gutt dogéint gehalen.
De Rival Manchester City hat e Samschdeg den FA Cup gewonnen. An der Finall hu sech d'Skyblues mat 1:0 géint Chelsea behaapt. D'Blues vu London hunn um Sonndeg matgedeelt, dass de Xabi Alonso ab Summer neien Trainer un der Stamford Brigde gëtt.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Den AC Mailand, Neapel an d'AS Roum hunn hir Aufgab am Kampf ëm de Vizemeeschter-Titel an ëm d'Champions-League-Plazen erfëllt. Neapel (73) huet weiderhin dräi Punkte Virsprong op Milan an d'Réimer (70). Juventus huet wärenddeems géint Florenz verluer a läit elo zwee Punkten hannert dësem Trio. Och d'Iwwerraschungsekipp Como (68) huet nach Chancen op eng Champions-League-Plaz. Zënter e puer Wochen ass gewosst, dass Inter Mailand den 21. Scudetto net méi ze huelen ass.
AS Roum - Lazio Roum 2:0
1:0 Mancini (40'), 2:0 Mancini (66')
FC Genua - AC Mailand 1:2
0:1 Nkunku (50'), 0:2 Athekame (81'), 1:2 Vasquez (86')
Juventus Turin - Florenz 0:2
0:1 Ndour (34'), 0:2 Mandragora (83')
Pisa - Neapel 0:3
0:1 McTominay (21'), 0:2 Rrahmani (27'), 0:3 Höjlund (90'+2)
Inter Mailand - Verona 1:1
1:0 Edmundsson (47', Eegegol), 1:1 Bowie
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga