Gëtt de Messi vun den Arbitter bevirdeelegt?FIFA-Arbitterchef Collina weist Uschëllegung aus Ägypten zeréck

RTL mat AFP
Ägypten no gëtt de Messi bevirdeelegt an d'Federatioun reklaméiert een e Foul, dee virum 3:2 fir Argentinien soll gewiescht sinn, mä net gepaff gouf.
Den ägyptesche Cheftrainer Hossam Hassan beschwéiert sech beim franséischen Arbitter François Letexier iwwert e méigleche Foul virum 3:2 vun Argentinien.
Den ägyptesche Cheftrainer Hossam Hassan beschwéiert sech beim franséischen Arbitter François Letexier iwwert e méigleche Foul virum 3:2 vun Argentinien.
© BUDA MENDES/Getty Images via AFP

De Chef vun de FIFA-Arbitteren Pierluigi Collina huet d'Uschëllegungen aus Ägypten, datt de Lionel Messi bei dëser WM vun de Schidsrichter bevirdeelegt gëtt, schaarf zeréckgewisen. "Onbegrënnt Uschëllegungen hunn an eisem Sport keng Plaz", gëtt den Italieener op der Säit vun der FIFA zitéiert, ouni awer e konkrete Fall ze nennen. De Collina huet awer nach weider ausgeholl: "Kee ka behaapten, datt d'Decisioune vun den Arbitter vun iergendengem beaflosst kënne ginn, net emol vum President vun der FIFA".

Den ägyptesche Futtballverband hat no der dramatescher Eliminatioun an den Aachtelsfinallen géint Argentinien sech offiziell beschwéiert a gefuerdert, datt de franséischen Arbitter François Letexier vun der WM ausgeschloss gëtt. Den Nationaltrainer Hossam Hassan hat kuerz nom Match, deen 2:3 verluer goung, an de Raum gestallt, datt een den aktuelle Weltmeeschter a grad de Lionel Messi am Turnéier wéilt halen.

De Collina huet dëst däitlech verurteelt. Ëffentlech Aussoe géint Arbitter kéinte "Reaktiounen ervirruffen, déi zu Menacë géint si an hir Famill kënne féieren. Dat ass net richteg", esou de Schidsrichterchef vun der FIFA.

Den Ägypter no gouf et virum Gol vum Enzo Fernandez, deen an der 92. Minutt den 3:2 fir Argentinien geschoss huet, e Foul am argentinesche Strofraum, deen u sech en Eelefmeter fir Ägypten hätt misste bedeiten. Weider war et d'Ausso, datt de Gol vum Mostafa Ziko an der 58. Minutt zu Onrecht oferkannt gi war.

An den Ae vum Collina waren awer d'Decisiounen a béide Fäll richteg. Virum Gol vun Ägypten, datt zeréckgeholl gouf, gouf et e Foul um Lisandro Martinez. "E Foul ass e Foul", esou de Collina. Bei der Zeen virum spéide Gol, deen zu der Victoire gefouert hat, hätt et am Strofraum vun Argentinien en "normale Futtball-Kontakt ginn", dat hätt och de VAR esou gesinn.

Generell gëtt bei all Gol d'Ugrëffsphas iwwerpréift. "Gëtt am Spillopbau e Feeler festgestallt, dat sech der Aschätzung vum VAR op d'Entstoe vum Gol ausgewierkt huet, kritt den Arbitter gesot, hie soll sech d'Situatioun selwer ukucken". Et gëtt keng festgeluecht Limitatioun op d'Distanz zum Gol oder dem Zäitraum tëscht dem Virfall an dem Gol, esou nach de Collina.

Back to Top
CIM LOGO