Haut virun 20 JoerItalien gëtt fir déi véierte Kéier Futtball-Weltmeeschter

Tom Nols
D'Decisioun fält am Eelefmeterschéissen. Wärend véier Woche feiert Däitschland bei beschtem Wieder säi "Sommermärchen" a gewënnt international vill Sympathien.
D'Italieener freeë sech iwwert hire véierte WM-Titel
D'Italieener freeë sech iwwert hire véierte WM-Titel
© PASCAL PAVANI/AFP

Zu Berlin am Olympiastadion ass et den 9. Juli 2006 dee 64. a leschte Match vun der 18. Futtballweltmeeschterschaft. D'Finall markéiert d'Enn vun engem liewegen Tournoi, deem seng Dynamik sech wäit iwwert den neie Phenomen vum "Public Viewing" erausentwéckelt. Italien, dat an der Halleffinall d'Heemekipp eliminéiert hat, krut et mam Ex-Welt- an Europameeschter Frankräich ze dinn. Et war d'Neioplag vun der EM-Finall vun 2000.

De Wee an d'Finall

Fir d'Italieener war et no zwou Victoiren an engem Gläichspill am Grupp E mat Tschechien, Ghana an den USA déi éischt Plaz am Grupp. An der Aachtelsfinall waren d'Azzurri mat engem bloen A dovu komm, wéi réischt spéit der Nospillzäit en ëmstriddenen Eelefmeter d'Italieener géint Australien gerett huet. Géint d'Ukrain hat Italien an der Véierelsfinall manner Problemer a konnt sech mat engem 3:0 fir d'Halleffinall géint en héich motivéiert Däitschland qualifizéieren. De spannende Klassiker gouf réischt um Enn vun der Verlängerung duerch Grosso an Del Piero decidéiert.

An der Halleffinall war den däitschen Dram vum Titel géint Italien geplatzt
An der Halleffinall war den däitschen Dram vum Titel géint Italien geplatzt
© DAVID HECKER/ddp images via AFP

Frankräich war enttäuschend an d'WM gestart. No zwee Gläichspiller géint d'Schwäiz a Südkorea hu vill Experte sech confirméiert gesinn, dass d'Équipe tricolore ze al gi wier. Am leschte Gruppematch war géint Togo eng Victoire mat zwee Goler Differenz néideg, fir eng Ronn weiderzekommen. Vun do u goung et du besser. An der Aachtelsfinall war et eng iwwerzeegend 3:1 Victoire géint Spuenien, am Tour dono waren d'Brasilianer fälleg, déi domat fir déi éischte Kéier zanter 1990 virun der Finall ausgescheet waren. An der Halleffinall waren d'Fransousen de Portugise knapp iwwerleeën.

D'Finall gëtt zur Kappsaach

An der däitscher Haaptstad decidéiert sech um 9. Juli, wien de Futtballweltmeeschter 2006 gëtt. Fir déi éischte Kéier zanter 1982 sti sech an enger WM-Finall erëm zwou europäesch Ekippe géintiwwer. No 7 Minutte bréngt de Zinédine Zidane seng Faarwe mat engem Eelefmeter a Féierung. De Marco Materazzi, deen dru Schold war, gläicht an der 19. Minutt no engem Corner fir Italien aus. Béid Spiller wäerte spéider nach fir Diskussioune suergen. D'Squadra bleift um Ball an erspillt sech weider Geleeënheeten, de Luca Toni trëfft d'Lat.

An den zweete 45 Minutte lauert Italien op Konter, wärend Frankräich méi an d'Offensiv geet. Konkretes kënnt awer net dobäi raus, sou dass et an d'Verlängerung geet. Entretemps sinn d'Fransousen iwwerleeën a brénge mam David Trézéguet e weidere Stiermer, deen awer och näischt géint déi staark italieenesch Defense ausriicht. E geféierleche Kappball vum Zinédine Zidane kann de Buffon entschäerfen. Du kënnt et an der 109. Minutt zum Eklat. Nodeems de Materazzi de franséische Superstar beleidegt huet, rennt de Zidane dem Italieener mat sengem Kapp an d'Broscht. Et ass déi wuel bekanntste rout Kaart vun der Welt, a gläichzäiteg de leschte Lännermatch fir de Zizou.

De Zidane verléisst no der rouder Kaart den Terrain
De Zidane verléisst no der rouder Kaart den Terrain
© ROBERTO SCHMIDT/AFP

Well an de leschte Minutte keng Ekipp méi eppes riskéiert, geet et, no 1994, fir d'zweet an enger WM-Finall an d'Eelefmeterschéissen. Ausgerechent den Trézéguet, deen 2000 an der Verlängerung de Golden Goal geschoss hat, trëfft just d'Lat. De Grosso, deen Italien géint Däitschland an der Halleffinall a Féierung bruecht hat, mécht den Deckel drop. Et ass déi éischte Kéier, dass Italien op enger WM en Eelefmeterschéisse gewënnt.

No der Finall

Italien ass fir déi véierte Kéier Weltmeeschter, den Gigi Buffon gëtt als beschte Golkipp vun der WM geéiert. De Zidane trëtt zréck, gëtt awer trotz sengem Aussetzer zum wäertvollste Spiller vum Turnéier gewielt.

D'Italieener freeë sech iwwert hire véierte WM-Titel
D'Italieener freeë sech iwwert hire véierte WM-Titel
© DANIEL GARCIA/AFP

Back to Top
CIM LOGO