Virun den eegene Spectateuren huet Déifferdeng e Mëttwoch den Owend an der 1. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun am Allersmatch géint Ilves aus Finnland 0:0 gläich gespillt. Domadder ass fir de Retourmatch déi nächst Woch nach alles dran.
Nom Supercup stoung fir Déifferdeng e Mëttwoch den Owend deen zweeten offizielle Match vun der neier Saison um Programm. De Géigner Ilves Tampere dogéint stécht scho matten an der finnescher Saison. Déi 15 Matcher am Championnat waren awer éischter duerchwuessen, d'Ekipp steet aktuell op der 9. Plaz an hat eréischt e Méindeg den Trainer gewiesselt.
Béid Ekippen hu sech eng ausgeglache Partie mat wéineg klore Golchancë geliwwert. Déifferdeng huet virum eegene Public probéiert, de Match ze kontrolléieren, konnt déi finnesch Defense awer nëmme seelen un d'Schweesse bréngen. Ilves huet kompakt verdeedegt an ëmmer nees op séier Kontere gelauert, ma ass beim Ofschloss och gréisstendeels ongeféierlech bliwwen. Um Enn ass kenger Ekipp e Gol gelongen. Mam 0:0-Remis ass fir béid Ekippen am Retourmatch (16. Juli) a Finnland nach alles dran. De Gewënner vum Retourmatch kënnt an déi 2. Qualifikatiounsronn vun der Conference League.
En Dënschdeg war scho Stroossen an d'Conference-League-Qualifikatioun a Biissen an d'Champions-League-Qualifikatioun gestart.