
D'Weltmeeschterschaft 2026 bitt vill spannend Momenter an Iwwerraschungen. Am Mëttelpunkt stinn dobäi virun allem véier Stiermer, déi sech de gëllene Schong erhoffen. Den éischten am Ranking ass de Lionel Messi, direkt hannendru kommen de Fransous Kylian Mbappé an den Norweger Erling Haaland. Op der véierter Platz mat de meeschte Goler bei der WM 2026 steet den Englänner Harry Kane.

De Weltmeeschter vun 2022, Lionel Messi, huet bis ewell an all Match op d'mannst ee Gol geschoss a weist, datt hie mat sengen 39 Joer ëmmer nach zu de gréisste Futtballspiller gehéiert. Direkt beim éischte Spill géint Algerien hat den Argentinier, dee fir Inter Miami spillt, en Hattrick geschoss a konnt och géint Éisträich zwee Mol treffen. Géint Jordanien an d'Kapverden war et allkéiers ee Gol. An der Aachtelsfinall géint Ägypten war et hien, deen, nieft sengen Teamkolleege Cristian Romero an Enzo Fernandez, e wichtege Gol geschoss hat an Argentinien an d'Véirelsfinall bruecht huet.
Direkt hannert dem Messi stinn de Kylian Mbappé an den Erling Haaland mat jeeweils siwe Goler. De Fransous Mbappé, dee bei Real Madrid ënner Vertrag steet, huet an dräi Matcher (géint de Senegal, Irak a Schweden) allkéiers zwee Goler geschoss a konnt géint Paraguay en erfollegräichen Eelefmeter markéieren. Nëmme géint Norwegen blouf hien ouni Gol. De Fransous war 2024-25 mam gëllene Schong ausgezeechent ginn a weist, datt hien dëst Joer rëm dofir kämpft.

Den Norweger Haaland kann och op eng beandrockend Leeschtung zeréckblécken. Mat senge siwe Goler huet hien Norwegen bal eleng an d'Véirelsfinall bruecht. Een Erfolleg, deen d'Nationalmannschaft schonns laang net méi feiere konnt. De Stiermer vu Manchester City hat beim éischte Match géint den Irak a beim zweete Match géint de Senegal direkt duebel getraff, beim drëtte Match géint Frankräich war de 25 Joer alen Norweger net agewiesselt ginn. Beim véierte Match géint d'Elfenbeinküst hat hien dono direkt zwee Mol getraff an och an der Aachtelsfinall géint Brasilien konnt hie sech iwwert ee Gol freeën.

Op der véierter Platz steet den Harry Kane mat sechs Goler. De Kapitän vun de "Three Lions", wei déi englesch Nationalekipp nach genannt gëtt, gëllt als beschte Buteur an der Geschicht vun der englescher Nationalmannschaft. Och bei dëser WM weist de Bayern München-Spiller seng Qualitéiten a bleift een onverzichtbare Stammspiller. Beim éischte Match aus der Gruppephas hat den Englänner zwee Goler geschoss, géint Ghana war en dogéint ouni Gol vum Terrain gaangen. Géint Panama hat de Stiermer da rëm getraff an och an der 1/16-Finall géint d'DR Kongo konnt hie sech iwwer zwee Goler freeën an hat England soumat an d'Aachtelsfinall bruecht, wou hien ee Gol géint Mexiko geschoss hat.
Spannend geet et weider mam éischte Match vun der Véierelsfinall Frankräich géint Marokko dësen Donneschden den Owend ëm 22 Auer. Am WM-Ticker hei op RTL.lu wäerte mir Iech live um Courant halen.