
D‘Lëtzebuerger Futtballfederatioun deelt mat, datt de Virverkaf fir de Frëndschaftslännermatch géint Italien den 3. Juni am Stade de Luxembourg an zwou Etappe wäert oflafen.
Als éischt kréien déi Leit d‘Méiglechkeet en Ticket ze kafen, déi bei der leschter WM Qualifikatioun een Abonnement fir déi 3 Heemmatcher haten. Via Email wäerte si kontaktéiert ginn a kënnen da vum 24. Abrëll un, bis den 3. Mee, hier Billjeeë bestellen.
De 5. Mee wäert um 10 Auer dann de Rescht vun den Ticketen an de fräie Verkaf kommen.