An den internationale Futtballchampionnater geet et sou lues a Richtung Schlussphas. An England bleift Bournemouth duerch eng Victoire bei Newcastle weider op guddem Wee fir eng international Plaz an ënnen an der Tabell bleift Tottenham duerch e spéide Géigegol zum 2:2 weider op enger direkter Ofstigsplaz stoen. An Italien gouf et dann déi éischt Heemdefaite vun der Saison fir Neapel géint Lazio Roum, wouduerch de Championstitel fir Inter Mailand nëmmen nach eng Fro vun der Zäit ass.
A Spuenien stoung e Samschdeg den Owend dann nach d'Finall vun der Copa del Rey um Programm. Hei konnt sech San Sebastian am Eelefmeterschéisse géint Atlético Madrid duerchsetzen an de véierte Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht feieren.
Newcastle - Bournemouth 1:2
0:1 Tavernier (32'), 1:1 Osula (68'), 1:2 Truffert (85')
Bournemouth bleift duerch eng Victoire auswäerts bei Newcastle weider an der Course ëm déi international Plazen. No enger gudder hallwer Stonn war et de Marcus Tavernier, deen d'Gäscht a Féierung bruecht hat. De Päif-Concert, mat deem d'Spiller vun Newcastle an d'Paus geschéckt goufen, hu si sech wuel ze Häerze geholl. Nom Säitewiessel war et de William Osula, deen no engem laange Ball an d'Déift den Ausgläich markéiere konnt. Kuerz viru Schluss huet Bournemouth dann awer nach eemol zougeschloen a wënnt um Enn duerch en decisive Gol zum 2:1 duerch den Adrien Truffert. Fir Newcastle ass dat déi drëtt Defaite hannerteneen.
Tottenham - Brighton 2:2
1:0 Porro (39'), 1:1 Mitoma (45+3'), 2:1 Xavi (77'), 2:2 Rutter (90+5')
Duerch ee spéide Géigegol bleift Tottenham weider op enger direkter Ofstigsplaz stoen a muss donieft fäerten, dass West Ham an Nottingham Forest weider dervun zéien. Nom Féierungsgol vun de Spurs an der 39. Minutt war et de Gäscht aus Brighton nach virun der Paus gelongen, op 1:1 auszegläichen. De Gol vum Xavi an der 77. Minutt huet da grouss Hoffnung op dräi Punkte gemaach, déi dann awer duerch den 2:2 vum Rutter an der 95. Minutt nach zerschloe goufen.
Chelsea - Manchester United 0:1
0:1 Cunha (43')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Udinese - Parma 0:1
0:1 Elphege (51')
Neapel - Lazio 0:2
0:1 Cancellieri (6'), 0:2 Basic (57')
D'Serie vu fënnef Matcher ouni Defaite ass fir Neapel nees gebrach, dat no engem 0:2 doheem géint Lazio Roum. D'Gäscht konnte schonn no sechs Minutten duerch e gutt ausgespillten Ugrëff a Féierung goen. An der 31. Minutt gouf et dann d'Chance op en zweete Gol, ma de Milinkovic-Savic konnt den Eelefmeter vum Mattia Zaccagni, deen net wierklech gutt geschoss war, paréieren an och den Noschoss verhënneren. Den 2:0 sollt dann awer no der Paus falen, wou den Toma Basic mat engem stramme Schoss ënnert d'Lat dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Fir Neapel sollt et um Enn bei der éischter Heemdefaite vun der Saison bleiwen.
AS Roum - Atalanta 1:1
0:1 Krstovic (12'), 1:1 Hermoso (45')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Lorient - Marseille 2:0
1:0 Katseris (28'), 2:0 Dieng (58')
Angers - Le Havre 1:1
0:1 Boufal (13'), 1:1 Peter (28')
Lille - Nice 0:0
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Atlético Madrid - Real Sociedad 3:4 (a.E.)
0:1 Barrenetxea (1'), 1:1 Lookman (18'), 1:2 Oyarzabal (45+1'), 2:2 Alvarez (83')
Besser hätt d'Finall vun der spuenescher Coupe fir d'Ekipp aus San Sebastian net starte kënnen. Nom Ustouss gouf de Goncalo Guedes wäit no vir geschéckt a konnt no engem Dribbling den Ander Barrenetxea zerwéieren, deen da mam Kapp bannent der éischter Spillminutt op 1:0 gestallt huet. Duerno huet Atlético net laang gebraucht, fir sech vun deem fréie Schock ze erhuelen a konnt no e puer gudden Aktiounen dann och an der 18. Minutt am Numm vum Ademola Lookman egaliséieren. Duerno waren d'Basken dann nees déi besser Ekipp um Terrain, Atlético war nees e bësse méi passiv. Kuerz virun der Paus huet den Arbitter dann op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems de Golkipp bei enger Flank erauskomm war an de Goncalo Guedes mat der Fauscht um Kapp getraff huet. De Mikel Oyarzabal ass ugetrueden an huet souverän op 2:1 fir San Sebastian gestallt, woumat et och an d'Paus gaangen ass.
Nom Säitewiessel ass Atlético gutt gestart an huet gewisen, datt een den Ausgläich onbedéngt wëll. San Sebastian huet mat alle Mëttel verdeedegt an et huet ee gemierkt, datt d'Kraaft ëmmer méi nogelooss huet. An der 83. Minutt war et dann da Julian Alvarez, deen Atlético mat sengem Gol an d'Verlängerung gerett huet. Well och do kee Gewënner konnt ermëttelt ginn, ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen. Do war San Sébastian just ee Feelschoss geschitt, wärend d'Ekipp vu Madrid zwee Mol verschoss huet an domat den Titel verpasst huet. Fir Real Sociedad ass et no 1909, 1987 an 2020 de véierten Titel an der Copa del Rey.