
An der Bundesliga huet St. Pauli um leschte Spilldag 1:3 géint Wolfsburg verluer an ass domat als Tabelleleschten ofgestigen. Den Danel Sinani ass bei den Hamburger déi 90 Minutten iwwer op der Bänk bliwwen.
Donieft gouf et fir Borussia Mönchengladbach zum Ofschloss vun enger schwiereger Saison eng däitlech Victoire, duerch déi een um Enn op Plaz 12 lant. 4:0 konnt d'Ekipp vum Tiago Pereira Cardoso sech géint Hoffenheim behaapten. De jonke Golkipp war bei der Borussia net am Kader.
An der 3. Liga an Däitschland gouf et um leschte Spilldag fir Mannheim eng däitlech 1:5-Defaite zu Ingolstadt. D'Ekipp vum Luc Holtz hat awer scho virun der Partie de Klassenerhalt sécher a gëtt mat dëser Defaite Tabellenzéngten. De Vincent Thill huet de match ugefaangen a gouf an der 78. Minutt ausgewiesselt.
Nodeems de Mathias Olesen de leschte Weekend nach wéinst enger Schwindelattack huet misse fréizäiteg ausgewiesselt ginn, konnt hien am decisive Match ëm de Klassenerhalt géint BW Linz schonn nees vun Ufank un dobäi sinn. Am Fall vun enger Néierlag um leschte Spilldag vum Ofstigsgrupp hätt de Grazer AK nach kéinten ofsteigen. Ma de GAK louch scho fréi a Féierung a konnt kuerz no der Paus duerch den Hofleitner op 2:0 erhéijen, dat no Virlag vum Mathias Olesen. Um Enn huet ee sech 3:0 duerchgesat a sech domat de Klassenerhalt geséchert.