Den Iwwerbléck vum internationale FuttballManchester City wënnt den FA Cup, Celtic ass schottesche Champion

RTL Lëtzebuerg
An der Finall vun der englescher Coupe hunn d'Citizens sech duerch ee Gol vum Semenyo géint Chelsea duerchgesat.
© ADRIAN DENNIS / AFP

An der Bundesliga sinn Heidenheim a St. Pauli mam Danel Sinani ofgestigen, wärend Wolfsburg sech an d'Relagtioun gerett huet. Stuttgart konnt sech iwwerdeems fir d'Champions League qualifizéieren a Freiburg spillt d'nächst Saison an der Conference League.

FA Cup

Chelsea - Manchester City 0:1
0:1 Semenyo (72')

Am Wembley Stadium zu London hu béid Ekippe sech um Ufank vun der Finall virun allem op d'Verdeedege konzentréiert, soudass et an deenen zwee Strofraim kaum zu geféierleche Situatioune komm ass. Och nom Säitewiessel wollt keng Ekipp méi Risiko agoen, soudass et fir d'Decisioun ronn 20 Minutte viru Schluss ee Geniestreech vum Semenyo gebraucht huet, deen de Ball no enger Flank mam Talon am Gol ënnerbrénge konnt. Et sollt den eenzege Gol an dëser Finall bleiwen, woumat Manchester City fir déi 8. Kéier déi englesch Coupe gewënnt.

Scottish Premiership

Celtic Glasgow - Heart of Midlothian 3:1
0:1 Shankland (43'), 1:1 Engels (45+4', Eelefmeter), 2:1 Maeda (87'), 3:1 Osmand (90+8')

Bal déi ganz Saison laang louchen d'Hearts un der Spëtzt vun der Tabell, ma um leschte Spilldag konnt Celtic sech am direkten Duell elo awer nach de Championstitel sécheren. De Shankland hat no engem Corner den 1:0 geschoss, deen awer wéinst engem Eelefmeter fir Celtic net laang hale sollt. Bis an déi 87. Minutt ass et du beim Gläichstand bliwwen, dee fir d'Hearts den éischte Championstitel zanter 1960 bedeit hätt. Et wier och déi éischte Kéier zanter 1985, datt de schottesche Meeschter net Celtic oder Rangers heesche géif. Kuerz viru Schluss huet de Maeda awer de Match gedréint an domat fir Ekstas am Celtic Park gesuergt, ier den Osmand an der Nospillzäit den Deckel dropgemaach huet. Celtic feiert domadder dee 5. Championstitel hannereneen an de 56. an der Veräinsgeschicht, woumat een elo nees ee méi wéi d'Rangers huet.

Back to Top
CIM LOGO