
Am Kellerduell tëscht St. Pauli a Wolfsburg hätt St. Pauli mam Danel Sinani eng Victoire gebraucht, fir sech an d'Relegatioun gerett ze kréien. Et waren awer d'Visiteuren, déi no engem Corner duerch de Koulierakis an der 37. Minutt a Féierung gaange sinn. No enger knapper Stonn konnt de Ceesay op der anerer Säit per Kapp ausgläichen, och no engem Corner. Just e puer Minutten drop war et op en Neits ee Corner fir Wolfsburg, deen de Vasilj am Gol vu St. Pauli mat enger verongléckter Fauschtofwier zum 1:2 an den eegene Gol deviéiert huet. An der 77. Spillminutt huet den Eriksen een Eelefmeter fir d'Gäscht verschoss, kuerz dono huet de Pejcinovic awer eng vun de sëllege Chancë fir Wolfsburg genotzt a mam 3:1 den Deckel dropgemaach. Mat enger Avance vun 3 Punkten op d'Plaze 17 a 18 gëtt Wolfsburg domat 16. a spillt an der Relegatioun géint den Tabellendrëtten aus der 2. Bundesliga, deen nach net feststeet. St. Pauli steigt dogéint als Tabelleleschten no 2 Joer an der ieweschter Divisioun nees of.
Parallel louch Heidenheim scho vun der 7. Minutt u géint Mainz a Réckstand an ass zu kengem Ament méi un eng Victoire erukomm, déi een awer fir de Klassenerhalt gebraucht hätt. Um Enn huet et no engem weidere Mainzer Gol an der 43. Minutt 0:2 geheescht, woumat Heidenheim no 3 Joer an der Bundesliga nees an déi 2. Bundesliga ofsteigt.
An der Lutte ëm Plaz 4 an domat ëm déi lescht Champions-League-Plaz ass Stuttgart trotz engem 2:0-Avantage duerch Goler vun Andres an Nartey net iwwert en 2:2 zu Frankfurt erauskomm, well de Burkardt aus 11 Meter zweemol d'Nerve behalen huet. Duerch déi iwwerraschend däitlech 0:4-Defaite vun Hoffenheim géint Borussia Mönchengladbach qualifizéiert de VfB sech awer trotzdeem fir d'Champions League, wärend Hoffenheim a Leverkusen an der Europa League spille wäerten.
Am Kampf ëm déi 7. Plaz an deemno d'Qualifikatioun fir d'Conference League huet Freiburg näischt ubrenne gelooss a sech däitlech 4:1 géint Leipzig duerchgesat, déi scho virum Match als Tabellendrëtte feststoungen. Wa Freiburg sech awer an der Finall vun der Europa League géint Aston Villa duerchsetzt, spillen d'Breisgauer d'nächst Joer an der Champions League.
Donieft konnt de Champion Bayern sech um leschte Spilldag 5:1 géint Köln duerchsetzen, Dortmund huet 2:0 zu Bremen gewonnen, Union Berlin huet Augsburg 4:0 geklappt a Leverkusen an Hamburg hu sech 1:1 getrennt.
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.