
D’Ekipp vu Berekum Chelsea war um Wee fir heem vum Auswäertsmatch beim FC Samartex, wéi hire Bus am Distrikt Nyinahin vu 6 arméierte Männer de Wee verspäert krut. Wéi de Buschauffer ëmdréine wollt, hunn d’Raiber op d’Gefier geschoss. D’Passagéier, Spiller an Offizieller, sinn aus dem Bus geflücht, fir sech an den noen Hecken ze verstoppen.
Den 20 Joer alen Dominic Frimpong ass bei der Schéisserei um Kapp getraff ginn. Hie war nach d’urgence op Bibiani an d’Spidol bruecht ginn, ass do awer u senge Blessure verscheet. De ghanaesche Spiller ass dat eenzegt Affer vum Iwwerfall.
Déi ghanaesch Futtballfederatioun GFA seet sech entsat a fuerdert, dass all Mesurë geholl musse ginn, fir d’Dot opzeklären an déi Responsabel festzehuelen. Gläichzäieg gi méi streng Sécherheetsmesurë fir d’Ekippe gefuerdert, déi ënnerwee op Auswäertsmatcher sinn. D’Ermëttlunge sinn opgeholl ginn, revendiquéiert ginn ass den Iwwerfall nach net.
Den Dominic Frimpong war réischt am Januar vum Aduana FC op Berkerum ausgeléint ginn an hat an 13 Matcher 2 Goler geschoss.