Packt de Cap Vert de Sprong an d'1/16-Finall?Ronny Souto: "Wann een et sou wäit an enger Kompetitioun gepackt huet, da wëll een och en Tour weiderkommen"

Sam Rickal
De Gros vun den Natiounen op der Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko huet nach d’Méiglechkeet, sech fir d’1/16-Finall ze qualifizéieren, ënner anerem och de Cap Vert.
Packt de Cap Vert de Sprong an d'1/16-Finall?
De fréiere kapverdianeschen Nationalspiller Ronny Souto kuckt op de leschte Match an der Gruppephas géint Saudi-Arabien no vir.

De Ronny Souto ass de meeschte Lëtzebuerger Futtball-Supporter e Begrëff. De fréiere Mëttelfeldspiller huet ënner anerem fir den F91 Diddeleng an d’Fola Esch gespillt a konnt 8 Mol de Championstitel feieren. Donieft stoung hien awer och 21 Mol fir de Cap Vert um Terrain, ënner anerem och 2013 bei der éischter Participatioun vum Cap Vert beim Afrika-Cup. Datt sech déi “Blo Haien”, wéi d'Ekipp och nach genannt gëtt, op hirer éischter WM fir den nächsten Tour kënne qualifizéieren, mécht och hien houfreg.

Ronny Souto: "D'Chancë sinn do. Mir hunn e grousse Schratt an déi Richtung gemaach, fir esou e Match ze spillen. Dat mécht eis all houfreg. Mir gi mat ganz vill Enthusiasmus an dee Match an hoffen, deen ze gewannen, well elo ass et am wichtegsten. Mir hu géint Spuenien an Uruguay gespillt an elo musse mir ebe géint Saudi-Arabien gewannen, fir an d'Siechzéngtelsfinall ze kommen. Dat wier eng enorm Saach."

Mëttlerweil ass de Ronny Souto no sengem Engagement bei der Escher Fola Trainer vum FC Luerenzweiler an der Éierepromotioun. Och hien huet déi enorm Ambiance zu Ettelbréck um Public Viewing matkritt. Souwuel géint Spuenien, wéi och géint Uruguay huet de Cap Vert gläich gespillt. Well och déi 8 bescht Drëttplacéiert een Tour weiderkommen, däerf och de Cap Vert zu Recht dreemen. Eng Ekipp, ouni grouss Staren.

Ronny Souto: "D'Ekipp ass de Point fort. Mir hunn zanter Joren e gudden Trainer en place. Mir hunn eng Altersmoyenne ëm 29, 30 Joer. Dat heescht, mir hunn e puer méi erfuere Spiller, awer och Jonker, déi noréckelen. Et ass dee Mix, dee gutt ass. Mir liewen eis éischt WM mat ganz vill Enthusiasmus. Et ass enorm als sou e klengt Land, wéi mir et sinn. Mee mir däerfen eis och net verstoppen. Wann ee sou wäit an enger Kompetitioun komm ass, da wëll een och en Tour weiderkommen."

De Cap Vert spillt an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ëm 2 Auer géint Saudi-Arabien. An do hoffen déi kapverdianesch Supporter, e weidert Kapitel an hirem Summer-Märchen ze schreiwen.

Back to Top
CIM LOGO