Vum 4. bis den 19. JuliWéi eng WM-Matcher ginn um Public Viewing um Glacis gewisen?

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Schlussphas vun der Futtball-Weltmeeschterschaft organiséiert d'Stad Lëtzebuerg am Juli nees e Public Viewing um Glacis.
Och scho bei der Futtball-EM 2024 war de Public Viewing um Glacis bei de Leit beléift.
© RTL-Archiv

D'Stad Lëtzebuerg organiséiert vum 4. bis den 19. Juli e Public Viewing um Glacis, op deem verschidde Matcher vun der Futtball-Weltmeeschterschaft um grousse Schierm iwwerdroe ginn. Vun den Aachtelsfinallen u ginn all Matcher gewisen, deenen hir Ustouss-Zäit spéitstens um 21 Auer eiser Zäit ass.

Um Programm stinn deemno dräi Aachtelsfinallen, eng Véierelsfinall, déi zwou Halleffinallen an d'Finall den 19. Juli.

Den Accès op de Site ass gratis, allerdéngs gëtt et Kontrolle bei der Entrée. Op der Plaz sinn och Iess- a Gedrénksstänn virgesinn.

Zousätzlech ass eng DJ-Animatioun eng Stonn virun de Matcher, an der Paus an och virun eventuelle Verlängerunge virgesinn.

Wéinst dem Public Viewing gëtt de Parking um Glacis vum 1. Juli moies um 6 Auer bis den 21. Juli owes um 18 Auer deelweis gespaart. Eng entspriechend Signalisatioun gëtt opgeriicht.

Fir Persoune mat spezielle Besoinen ass e reservéierte Beräich virgesinn. Dozou gehéieren ënner anerem Plaze fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit an e Bildschierm mat Ënnertitele fir Persounen, déi schwéier héieren oder daf sinn. Eng Reservatioun ass net néideg.

Communiqué Public Viewing.docx

Back to Top
CIM LOGO